Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass de Beto O'Rourke deen neien Obama?

USA

Ass de Beto O'Rourke deen neien Obama?

De Beto O'Rourke ass zanter leschter Woch ee vu 16 Demokraten, déi 2020 dem Donald Trump seng Plaz am Wäissen Haus wëllen huelen. Den Texaner ass direkt zu engem neie Favorit vun den Demokrate ginn. Op der Sich no engem neien Obama, deen d'USA nees kéint an déi lenk Spuer leeden, ass den O'Rourke déi nei jonk Hoffnung.

auto_stories

2 min

Sechs Joer laang war de Beto O'Rourke am amerikanesche Representantenhaus, sechs Joer, an deene keen op hien opmierksam gouf. Eng fréier Mataarbechterin vun him am Kongress sot mir, datt seng héchst Ambitioun war Buergermeeschter vu senger Heemechtsstad ze ginn. Mee dat huet sech alles mat de Midterm-Wahlen am November 2018 verännert.

De Beto O'Rourke wollt de Sëtz am Senat vum Ted Cruz, e Sëtz, dee fest a republikaneschen Hänn war. Keng Change sollt den O'Rourke hunn, mee just ganz knapps huet hien am Endeffekt verluer. Milliounen Texaner a Milliounen Dollar u Spenden hätten et bal erméiglecht. Datt Texas, de republikaneschsten US-amerikanesche Bundesstaat kéint en Demokrat wielen, war op eemol keng Fantasie méi. Seng onkonventionell Aart a Weis, seng Oppenheet vis-a-vis vun de Wieler an de Medien, alles huet gepasst.

En neien demokrateschen Held war gebuer, fir eng Partei, déi nom nächsten Held sicht. Jonk soll e sinn, dee Mann, deen den Donald Trump soll aus dem Wäissen Haus erausgeheien. Et kann och eng Fra sinn, en Afro-Amerikaner, un Diversitéit feelt et den Demokraten dës Kéier net. Elo ass de 46 Joer jonken Texaner Kandidat fir d'Wäisst Haus.

Den O'Rourke schwätzt net esou gär iwwer den aktuelle President, mee den Donald Trump schwätzt gär iwwer seng potentiell Géigner bei den nächste Wahlen.

Den Trump gouf am Oval Office gefrot, wie fir hien e méi schlëmme Géigner wier, de Beto O'Rourke oder de fréiere Vize-President Joe Biden. Den Donald Trump behaapt, et wier him egal. Op Fox News gëtt den O'Rourke ridiculiséiert.

De groussen Ufank vu senger Campagne feiert den O'Rourke den 30. Mäerz zu El Paso, senger Heemechtsstad. Dat ass genee op der Grenz mat Mexiko. Den O'Rourke seet, hie wéilt d'Mauer am léifsten ofrappen. Dat ass de symbolesche Kontrast mat deem Mann, deen eng vill méi grouss Mauer op der ganzer Grenz wëllt bauen.