Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Oly Sherman - Taste

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass déi däitsch Regierung um Enn?

Auslandschronik

Ass déi däitsch Regierung um Enn?

Déi eng wëllen zeréck un hir sozialdemokratesch Wuerzelen, déi aner d'Flüchtlingspolitik vun 2015 entschëllegen. Déi däitsch Volleksparteien CDU an SPD hunn an de leschte Wochen drastesch Programm-Ännerungen proposéiert. Muss déi Grouss Regierungskoalitioun sech opléisen?

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

"Déi lescht Woch markéiert eng Zäsur, de Schluss vun der Onkenntlechkeet an der Belibegkeet" - sou huet de Spiegel-Reporter Markus Feldenkirchen déi programmatesch Ännerungen bei CDU an SPD aus de leschte Wochen beschriwwen.

Et ass en haart Uerteel - mee et trefft déi aktuell Situatioun bei den däitsche Volleksparteien zimlech genee op de Punkt. Zanter Jore verléieren CDU an SPD Stëmme bei de Wahlen an Däitschland, egal ob op nationalem Niveau bei de Bundestagswahlen, oder op regionalem Niveau bei de Landtagswahlen.

An dräi vun de leschte véier Legislaturperioden hunn déi grouss, al Parteien mat enger Koalitioun dorops reagéiert - mat der Grousser Koalitioun, enger Kooperatioun, vun där ee joerzéngtelaang gemengt hat, se géif ni méi zesummekommen. Et kann ee sécher doriwwer diskutéieren, op CDU an SPD sech inhaltlech wéinst oder fir déi Grouss Koalitioun verännert hunn. Op déi al Fro "Wat war fir d'éischt do?" gëtt et wahrscheinlech keng definitiv Äntwert.

Al "Feeler" réckgängeg maachen

Wourop et awer eng Äntwert gëtt, ass op d'Fro, zu wéi engen Zäitpunkte béid Parteien d'Vertraue vun hirer Basis verluer hunn. Déi Zäitpunkte si kee Geheimnis, mee sech u se ze erënneren, hëlleft ze verstoen, firwat souwuel d'Sozialdemokrate wéi och d'Chrëschtdemokraten elo programmatesch handelen, wéi si et maachen.

Déi al Legend vun der SPD, déi sech fir d'Aarbechter, fir déi Aarm an déi Net-Privilegéiert asetzt, ass mat der Agenda 2010 an der Hartz-Reform gestuerwen, déi den SPD-Kanzler Gerhard Schröder ageféiert huet. Et huet awer méi wéi 15 Joer gedauert, bis d'SPD-Spëtzt dat agesinn huet. Elo soll nees méi Aarbechtslosegeld bezuelt ginn, elo soll d'SPD nees eng sozial Politik maachen.

Fir d'CDU koum de Vertrauensbroch zur Basis 2015 mat der Flüchtlingspolitik. Eng konservativ Partei, déi an den Ae vu ville Leit op eemol net méi fir Sécherheet an national Identitéit astoung? Mee déi nei CDU-Chefin Kramp-Karrenbauer wëllt dat Bild vun hirer Partei och nees änneren.

Dat bedeit awer och, datt sech d'Regierungsparteien inhaltlech nees méi wäit vuneneen ewech distanzéieren. Sollt déi Grouss Koalitioun dofir opgeléist ginn? Am Hierscht, no zwee Joer Koalitioun, wëllt dës Regierung en Tëschefazit zéien. Et wier eng Geleeënheet fir d'Regierung opzeléisen.

Huet d'GroKo eng Zukunft?

An den däitsche Medien gëtt dëse Zeenario duerchaus thematiséiert. Och de Markus Feldenkirchen, deen d'Ausenanerliewen vun CDU an SPD sou drastesch beschriwwen hat, kennt zu deem Schluss. A villes géif dofir schwätzen, de Pragmatismus vun der Merkel-Kanzlerschaft huet d'Zesummenaarbecht vu béide Parteien jo eréischt méiglech gemaach.

Et kann een et awer och esou gesinn: Eng Regierung, déi aus zwou Parteien mat duerchaus gréisseren Differenze besteet, ka sech net méi op hirer grousser Majoritéit am Parlament ausrouen. D'Regierung misst nees méi ënner sech streiden, vläicht och einfach méi argumentéieren.

An duerch manner Eenheetsbräi einfach mol nees kloer Positioune bezéien.