Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et geet net drëm, just Lëschten ze fëllen"

Gemengewahlen

"Et geet net drëm, just Lëschten ze fëllen"

Den 8. Oktober si Gemengewahlen. D'Zuel u Gemengeréit klëmmt, well zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit wunnen. Domat geet och d'Zuel vun de Kandidaten an de Gemengeréit an d'Luucht. Gëtt et doduerch méi schwéier, genuch Kandidaten ze fannen?

auto_stories

4 min

Lëtzebuerg wiisst. Mat méi groussen Awunnerzuele klammen och ëmmer méi Gemengen iwwert de Seuil vun 3.000 Awunner a wiesselen domat vum Majorz- an de Proporzsystem. Wie bei de Gemengewahle wëll gewielt ginn, muss op enger Lëscht stoen. Op ville Plaze ginn et onofhängeg Biergerlëschten, déi an der Regel vun den etabléierte Parteien opgestallt ginn. Fënnef Méint virun de Gemengewahlen sinn d'Vertrieder vun de Lëtzebuerger Parteie mat hiren Efforten zefridden.

Wann ee bei Wahle géif matmaachen, géif et awer net drëm goen, just Lëschten ze fëllen, seet den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner. "Leit fënnt een am Prinzip ëmmer, zemools do, wou ee schonn implantéiert ass. Eis geet et drëms, kredibel Lëschten ze hunn."

De Leit d'Angscht huelen, ze kandidéieren

Den Generalsekretär vun der LSAP Yves Cruchten ass der Meenung, datt et net an all Gemeng d'selwecht einfach oder schwéier ass, fir Kandidaten ze fannen. A méi grousse Gemenge wier et eventuell méi einfach eng Lëscht zesummen ze kréien. Et misst ee sech fir d'éischt mol d'Fro stellen, wat d'Grënn sinn, firwat sech Leit géint e politeschen Engagement op Gemengenniveau decidéieren. Fir den Yves Cruchten ass den zäitlechen Opwand ëmmer nees en Argument. Am Allgemenge misst ee wëssen, datt den Engagement um lokalpolitesche Plang vill Zäit kascht. "Dofir schreckt dat vill Leit of, fir ze kandidéieren. Mir probéieren de Leit déi Angscht ze huelen." Zemools an de Proporzgemenge géif een an der Equipe schaffen.

Ähnlech gesäit et och de Generalsekretär vun der CSV, de Laurent Zeimet. Et misst ee bereet sinn, sech fir seng Noperschaft anzesetzen.

E weidere Grond ass den allgemengen Desinteressi um fräiwëllegen Engagement, fënnt d'DP-Politikerin Joëlle Elvinger. Dëst géif net nëmmen um politesche Plang, mä och fir Veräiner gëllen. "Fakt ass, datt de Benevolat generell ofhëlt. Vun dohier gëtt et och sécherlech net méi einfach an de Parteie Leit ze fannen, déi sech wierklech engagéiere wëllen a mat op eng Lëscht ginn."

Afloss op de Beruff

D'Leit wëllen hir Fräizäit, déi hinnen nieft Beruff a Famill nach bléift, wéi et schéint net fir en Engagement op lokalpoliteschem Plang afferen. Mä och den Afloss, deen eng Kandidatur op hire Beruff kann hunn, schreckt d'Leit of, esou den Yves Cruchten. Et géing vun deem engen oder anere Patron net gär gesi ginn, datt hir Mataarbechter ze vill Zäit mat der Politik géinge verbréngen. "Verschidde Patrone wëllen, datt sech hir Mataarbechter op hir Aarbecht konzentréieren. Ech denke mer, datt sech dann och verschidde Geschäftsleit froen, ob et richteg ass, sech politesch z'engagéieren."

Den David Wagner vun déi Lénk deelt dësen Androck. "Souwuel op der Aarbecht, wéi och an aneren Associatioune kritt een heiansdo e bëssen direkt oder indirekt ofgeroden, sech politesch z'engagéieren." Dat wier ëmsou méi bei Wahlen de Fall. "Dat ass a mengen Aen eng ongesond Entwécklung."

Et gëtt och eng ganz Rei Leit, déi sech iwwerhaapt guer net dierfen opstellen. Wien nämlech vun enger vun den Incompatibilitéite betraff ass, déi am Wahlgesetz festgehale sinn, dierf net fir e Gemengenamt kandidéieren. Et géif ee verschiddene Leit domat d'Chance huelen, sech anzebréngen, fënnt den Yves Cruchten vun der LSAP. Dowéinst misst een no dëse Wahlen un dem Gesetz schaffen.

No de Wahlen um Gesetz schaffen

"Ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt sech d'Parteien, déi mat de Problemer um Terrain konfrontéiert gi sinn, no de Gemengewahlen mussen zesummesetzen." Et misst ee sech dann d'Fro stellen, ob een d'Basis vun deenen, déi kënne gewielt ginn, net méi breet kéint maachen." Den LSAP-Generalsekretär nennt als Beispill eng Persoun, déi an engem Gemengesyndikat schafft, awer wäit vu senger Aarbechtsplaz fort wunnt. "Wa seng Wunngemeng awer Member an deem Syndikat ass a si de facto net dierf fir de Gemengerot kandidéieren. Dat si Saachen, déi een am 21. Joerhonnert misst aus der Welt schafen."

Bei der CSV ass een och domat averstanen, iwwert d'Incompatibilitéiten ze schwätzen - awer net virun de Wahlen 2017. Dat misst een an enger Zäit maachen, wou keng Wahlen ustinn, esou de Laurent Zeimet.

Et gëtt deemno virun dëse Wahlen fir d'Parteien net méi einfach, all déi Leit ze rekrutéieren, déi si gären hätten. "Eng Lëscht ze fëllen, dat ass einfach mä eng gutt Lëscht ze presentéieren, dat ass méi komplizéiert," seet den David Wagner.