Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bobbi Lu - Vacuum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass Lëtzebuerg nach attraktiv genuch?

Medezin

Ass Lëtzebuerg nach attraktiv genuch?

D'Qualitéit vun der medezinescher Versuergung kéint an nächster Zäit ofhuelen, fäert d'AMMD. D'Offere fir d'Doktere géife méi kleng ginn, an d'Attraktivitéit hei am Land géif ofhuelen, esou hire President Dr. Alain Schmit am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

Lëtzebuerg hätt ronn 2,3 Doktere pro 1.000 Awunner. Am internationale Verglach wier dat wéineg, esou de President vun der AMMD. Mat enger Bevëlkerung, déi permanent wiisst, géif dat op Dauer problematesch ginn. Engersäits géif et ëmmer eng méi spezialiséiert Approche ginn, wouduerch et ëmmer manner Generaliste gëtt. Anerersäits géif d'Bevëlkerung staark wuessen, gëtt den Dr. Alain Schmit ze bedenken.

Fir wien ass Lëtzebuerg interessant?

30 Prozent vun de Lëtzebuerger Medezinsstudente géifen net méi zeréck op Lëtzebuerg schaffe kommen. Vill Lëtzebuerger Doktere géifen am Ausland bleiwen, well hire Partner do wier, mee och well si am Ausland interessant professionell Perspektiven hätten, esou den Dr. Alain Schmit.

D'AMMD mécht sech deemno Suergen, ob Lëtzebuerg nach attraktiv genuch wier fir Lëtzebuerger Dokteren. Et misst ee sech Fro stellen, wisou Lëtzebuerg fir auslännesch Dokteren, déi keng Wuerzelen hei hunn, interessant wier. "Wisou kënnt deen? Mat wéi enger Formatioun kënnt en, wann e kënnt?"

D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren hätt gär den Usproch, "datt mir hei am Land Premiumsqualitéit an der Gesondheetsversuergung liwweren".

Ënnerscheeder an der Qualitéit

Den Ament wiere ronn 50 Prozent vun den Dokteren hei am Land Auslänner, erkläert den Alain Schmit, an deen Taux géif wuessen. Virun zéng Joer wieren déi meescht aus den Nopeschlänner komm. Et géif awer opfalen, datt d'Dokteren, déi sech hei fir eng Plaz mellen, vun ëmmer méi wäit hierkommen, wéi een dat gewinnt war. Den Dr. Alain Schmit nennt als Beispiller Länner aus dem fréieren Ostblock, mee och zum Beispill Griichenland a franséischsproocheg Länner.

Jee no Diplom géifen et Qualitéitsënnerscheeder ginn, erkläert den Alain Schmit, och bannent Länner wéi Däitschland, Frankräich oder der Belsch. Och wann en Diplom als equivalent géif unerkannt ginn, géif een d'Qualitéit vum Dokter net um Diplom erkennen. Do misst ee besonnesch oppassen, "ob si wierklech deene richtege Qualitéitsmerkmaler entspriechen, déi mer hei am Land brauchen".

Doktere gi gebraucht

Zanter dem neie Spidolsgesetz, dat viru ronn zwee Joer a Kraaft getrueden ass, géif den Drock fir nei Dokteren anzestellen och méi grouss ginn, esou den Alain Schmit. Et géif eng Noutwendegkeet gi fir gewëss Servicer ze assuréieren. "Dat ass eng Obligatioun. An do entsteet Drock fir nei Dokteren eranzehuelen. An dat kéint e Problem gi fir déi Qualitéitskrittären iwwer Waasser ze halen."

Et kéint an esou Situatioune sinn, datt ee sech fir Kandidaten entscheet, déi "suboptimal" forméiert gi wieren. Fir d'Qualitéit op engem héijen Niveau ze halen an d'Land attraktiv fir gutt Dokteren ze maachen, huet d'AMMD e Katalog ausgeschafft. Deemno misst d'Zesummenaarbecht bei den Doktere verbessert ginn. Ambulant Strukture wieren néideg fir de medezinesche Progrès ze integréieren.

Ee modernt, frëndlecht a fortschrëttlecht Land

Et misst een analyséieren, ob de System frëndlech fir de Fortschrëtt wier, oder ob éischter eng Politik géif bedriwwe ginn, wou gespuert gëtt. Den Dr. Alain Schmit ënnersträicht, datt een e modernt Land wéilt sinn, dat medezinesch frëndlech a fortschrëttlech ass.

"Mir hätte gär e System, dee Premium ass fir all Patienten, ee solidaresche System."

Et wéilt een de Patienten de Fortschrëtt "zäitno" liwweren, an net eréischt no schwieregen Diskussiounen iwwer Joren, betount de President vun der AMMD. D'Gespréicher um Gesondheetsdësch sollen à priori am September nees ulafen, hofft den Alain Schmit.