Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: "Trump gehéiert virun d'Strofgeriicht"

Onrouen zu Washington

Jean Asselborn: "Trump gehéiert virun d'Strofgeriicht"

Den Ausseminister seet, datt den Donald Trump ee politesche Brandstëfter wier a sech dofir misst viru Geriicht verantworten. An der Nuecht haten Trump-Supporter de Kapitol zu Washington gestiermt.

auto_stories

1 min

Jean Asselborn iwwer d'Onrouen zu Washingtonplay_arrow

"Den Donald Trump ass e Verbriecher, e politeschen Brandstëfter a gehéiert virun e Strofgeriicht". Dat ass d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn op d'Evenementer vu Washington. Den Trump hätt an de leschten véier Joer näischt vun engem Demokrat gehat a géif déi eege Verfassung violéieren, keng Geriichtsurteeler respektéieren a Walresultater ignoréieren.

De Stuerm op de Kapitol wier eppes wéi een " 9/11 op d'Demokratie tout court. Et sinn net déi puer Idioten, déi an den Kapitol agedronge sinn, déi responsabel sinn, mee den Trump mat Deeler vun der Republikanescher Partei", esou de Jean Asselborn weider.