D'Versécherungs-Gesellschafte ginn dovun aus, datt dee gréissten Deel vum Schued, deen den Tornado haut virun aacht Deeg am Südweste vum Land gemaach huet, an der Tëschenzäit deklaréiert ass. Dat seet de Marc Hengen, Administrateur-délégué vum Assurancë-Verband ACA.
Enger provisorescher Schätzung no beleeft dee Schued sech op ronn 100 Milliounen Euro. Dat wier, sou de Marc Hengen, "dee gréisste versécherte Schued", deen et jee hei am Land gouf.
An den 90er Jore wieren et eng ganz Rei Stierm ginn, déi och vill Schued gemaacht hunn. Dee Montant wier deemools awer laang net sou héich gewiescht. De Montant wier och immens héich am Verglach mat deem, deen d'Assurancen d'lescht Joer no den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall rembourséiert hunn.
Eng zolidd Belaaschtung also fir d'Assurancëgesellschaften, déi duerch Réckversécherungen awer ze meeschtere wier, seet de Marc Hengen.
Datt verschidden Handwierksbetriber vum Schued profitéieren an hir Präisser an d'Luucht setzen, kéint hien net generaliséieren. Hie géif den Aussoe vun de Versécherten awer gleewen, sou de Marc Hengen. Eng allgemeng Tendenz kéint hien awer net erkennen. Assurancë kéinte sech, am Fall wou e Betrib ze héich Fuerderunge fir Reparaturaarbechte géif stellen, net wierklech wieren, mee si kéinten de Projet refuséieren an en engem anere Prestataire ginn.