Impf-Strategie AstraZeneca-Impfstoff: Impf-Intervall soll eropgesat ginn

Den Intervall tëschent der éischter AstraZeneca Impfung an der zweeter soll méi grouss ginn. Dës Woch nach wëllt de Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses hier iwwerschaffte Recommandatioune fir den Impfstoff vum brittesch-schwedesche Produzent publizéieren, heescht et op Nofro hin. Bis ewell leien tëschent der éischter an der zweeter Dosis hei am Land véier Wochen. Ugeduecht ass eisen Informatiounen no elo dësen Intervall op minimum aacht Wochen eropzesetzen. Dat wier eng gutt Decisioun fënnt de Virolog Claude P. Muller.

Maxi Pesch / cz

Claude Muller
De Claude P. Muller

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschteren


D'Etüdë géife weisen, datt den Intervall tëschent den zwou Dosen AstraZeneca net fix misst sinn an datt den Impfstoff souguer besser géif hëllefen, wat den Intervall tëschent den zwou Dosisse méi grouss wier, erkläert de Virolog. Dobäi kéim, datt eng Flexibilitéit tëschent den zwou Dosen och d'Logistik vum Vaccin vereinfache géif. Doduerch datt een déi zweet Dosis vun all Vaccin net méi misst zu 100 Prozent zeréck leeën, kéinten och méi séier méi Leit geimpft ginn.

"Wann Dir deen zweeten onbedéngt den 21. Dag sollt ginn, da mécht dat d'Logistik natierlech schwiereg. Wann dir awer do flexibel sidd, an Dir sot 'ob et elo dräi oder sechs Woche sinn...', da kënnt Dir vill méi flexibel si mat der éischter Dosis. Dir kënnt méi Leit mat éischter Dosis impfen, well Dir méi Latitüd huet fir déi zweet Dosis ze ginn."

De Claude P. Muller kritiséiert och, datt d'Gesondheetsministesch sech an der Chamber viru knapp zwou Wochen op en Intervall vun 21 Deeg tëschent deen zwou Dosisse behaapt hätt.

"Wéi et drëms gaangen ass fir den Impfstoff bei eis anzeféieren ass an der Chamber driwwer diskutéiert ginn, ob et bei deenen 21 Deeg bleift. An du sot d'Gesondheetsministesch datt mir bei den 21 Deeg bleiwen well de Recht Gepiddels wier."

Wann een esou eppes géif soen, ouni en Connaissance de cause ze sinn, da géif ee sech an eng Situatioun setzen, an där et schwéier wier zeréck ze rudderen, esou de Virolog. D'Regierung huet elo dem Conseil Superieur des Maladies Infectieuses den Optrag ginn hier Recommandatiounen iwwer den AstraZeneca Vaccin z'iwwerschaffen. D'Resultater sollen nach dës Woch publizéiert ginn.

Méi zum Thema

Luc Feller
Gesondheet

Dem Haut-Commissaire à la protection nationale no wiere rezent Impf-Invitatiounen u Leit geschéckt ginn déi dem Covid-19-Impfplang no eréischt méi spéit sollten dru kommen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen