Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asyl- a Migratiounspolitik an de Wahlprogrammer

Europawahlen 2019

Asyl- a Migratiounspolitik an de Wahlprogrammer

D'Asyl- an d'Immigratiounspolitik huet zanter 2015 grouss Spaltungen an der Europäescher Unioun gewisen. Géigeniwwer der Flüchtlingskris, den dausenden Doudegen am Mëttelmier an de Mënscherechtsverletzungen, déi Flüchtlingen erliewen, huelen d'EU-Memberstaate ganz ënnerschiddlech Positiounen an - wäit ewech vun enger gemeinsamer europäescher Asyl- a Migratiounspolitik. Déi contraire Vuë spigele sech och an de Wahlprogrammer nidder vun den zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg fir d'Europawahlen untrieden.

auto_stories

7 min

Déi meescht Parteie bannen déi europäesch Asyl- a Migratiounspolitik u Sécherheetsfroen an un den Ausbau vun den europäesche Baussegrenzen. D'Themen Asyl, Migratioun an Immigratioun gi meeschtens an engem Kapitel traitéiert an net ëmmer differenzéiert.

CSV: Immigratioun ënner Bedéngungen

D'CSV ass fir eng gesteiert, begrenzten a konditiounsgebonnen Immigratioun. De Schwéierpunkt läit op eventuellem Mëssbrauch, a wéi een dee verhënnere kann. De Migratiounsphenomen wier leider och e kriminellt Geschäft, de "Schlepper" misst d'Handwierk geluecht ginn, heescht et am CSV-Wahlprogramm fir d'Europawahlen:

"Wer nach Europa einwandert, aus einem anderen Kulturkreis, muss in Europa integriert werden und sich integrieren. Europa ist nicht nur ein Kontinent der Hoffnung und Zuflucht für viele Menschen, sondern beruft sich auf die Menschenwürde und die Menschenrechte. Die Menschen, die nach Europa einwandern, müssen unsere Lebensweise, unsere Werte, Prinzipien und Normen verstehen und akzeptieren. Dies geht nur, wenn man es will. Wer das nicht will, wer mit unserer Verfassungs- und Rechtsordnung, mit der Gleichberechtigung zwischen Frauen und Männern, nicht klarkommt, der darf nicht bleiben. Europa ist europäischen Werten verpflichtet und funktioniert nach europäischen Regeln. Das muss jeder verinnerlichen, der nach Europa ziehen will."

Donieft fuerdert d'CSV méi Solidaritéit an der EU a Migratiounsfroen, besonnesch mat den EU-Memberstaaten um Mëttelmier.

Déi Europäesch Vollekspartei EVP, zu där d'CSV gehéiert, fuerdert an hirem Wahlprogramm méi konkret wéi d'CSV:

  • 10.000 nei Sécherheetsoffizéier un den EU-Baussegrenzen,
  • neisten Technologie fir d'Grenzen ze iwwerwaachen, dorënner och den Asaz vu Dronen,
  • en direkt Interventiounsrecht virun den europäesche Baussegrenzen.
  • Ofkommesse mat nordafrikanesche Staate fir hir Küsteniwwerwaachung soll ausgebaut ginn,
  • Detentiounscampe fir Flüchtlingen an deene Länner

D'EVP wëllt "Asylshopping" verhënneren.

DP: Migratioun ass eng Fro vu Sécherheet

Eng knapp hallef Säit huet den DP-Wahlprogramm zum Thema Migratioun. Och d'DP behandelt déi europäesch Migratiounspolitik fir d'éischt als Problem vu Sécherheet fir d'EU, esou heescht et:

"Fir d'éischt muss ee sech d'Moyene gi fir eis Grenze besser kënnen ze schützen, wat natierlech e gewësse logisteschen a finanziellen Effort vun de Memberstaate verlaangt. Da muss een e Verdeelungsschlëssel uwenden, deen d'Memberstaate verflicht fir eng gewëssen Zuel u Flüchtlingen, proportionell zu der Awunnerzuel, bei sech opzehuelen."

De Wahlprogramm vun der ALDE, der europäescher Partei vun de Liberalen, gëtt méi konkret. Wéi déi europäesch Vollekspartei sinn déi europäesch Liberal fir Accorde mat sougenannte "sécheren" Drëttstaaten, fir datt si deboutéiert Flüchtlingen zeréckhuelen, oder bei sech halen.

déi gréng: En europäescht Immigratiounsrecht

déi gréng zu Lëtzebuerg hu vun alle Parteien dat ausféierlechst Kapitel zum Thema Asyl an Immigratioun. Si fuerdere legal Fluchtweeër an en europäescht Immigratiounsrecht. Grondlag fir déi europäesch Immigratiounspolitik soll den UN-Migratiounspakt sinn.

déi gréng wëllen en europäesch organiséierten a finanzéierten ziville Séinout-Rettungssystem opbauen. Migratiounsaccorde mat sougenannte sécheren Drëttlänner schléissen déi gréng aus:

"Eine menschenrechtsorientierte Asylpolitik steht für uns nicht im Einklang mit den Bestrebungen, abgesperrte Massenlager in der EU, Transitzonen und europäische Außenlager in Drittstaaten zu schaffen sowie Abschottungsabkommen, mit denen Menschen in Drittstaaten zurückgeschickt werden, in denen die Menschenrechte oft mit Füßen getreten werden, zu schließen."

déi gréng sinn déi eenzeg, déi e Klimapass fir Klimaflüchtlingen envisagéieren.

LSAP: E solidaresche Verdeelungsmechanismus

D'LSAP huet kee Wahlprogramm fir d'Europawahlen, mee en aacht Säite knappe Manifest ouni Kapitelen, an deem just zwee Punkten zur Migratiouns- am Asylpolitik ugeschnidde ginn:

  • D'Integratioun vu Flüchtlinge soll verbessert ginn (wéi, gëtt net gesot),
  • D'Dublinreegelung fir Flüchtlingen déi beseet, datt e Flüchtling an deem Land muss bleiwen, wou en als éischt ukomm ass, muss reforméiert ginn.

D'LSAP ass fir e solidaresche Verdeelungsmechanismus fir Flüchtlingen. Iwwer Accorde mat Drëttstaate steet näischt am LSAP-Manifest fir d'Europawahlen.

déi Lénk: Géint Militariséierung

Migratioun soll net méi als Sécherheetsfro betruecht ginn, fuerderen déi Lénk: si setze sech géint eng "Militariséierung vun de Migratiounsstréim" an.

  • D'Grenzpolice Frontex soll déi Lénk no opgeléist ginn, an et soll opgehale ginn, d'Schëffer vun ONGen ze stoppen, déi Mënschen an Nout hëllefen.
  • déi Lénk hunn als eenzeg Partei d'Recht op Familljenzesummeféierung an hirem Wahlprogramm stoen.
  • D'Dublinofkommes an d'Accorde mat Drëttstaate missten déi Lénk no ofgeschaaft ginn.

KPL: Festung Europa ofschafen

Am dräi Säite Manifest vun der KPL heescht et zur Asyl- an Immigratiounspolitik just, datt d'Festung Europa misst ofgeschaaft ginn, datt gemeinsam Reegele fir Immigratioun mussen opgestallt ginn.

VOLT: Accès op den Aarbechtsmaart fir Demandeur d'asilen

Déi aktuell Flüchtlingskris wier eng politesch Kris, schreift déi paneuropäesch Partei Volt an hirem europäesche Programm, en nationale Programm huet Volt net. Déi pro-europäesch Partei ënnerscheet tëschent Flüchtlingen an Demandeur d'asilen engersäits, an Aarbechtsmigratioun anerersäits.

D'Staaten, déi hir Responsabilitéit an der Flüchtlingspolitik net huelen, misste bestrooft ginn, schreift Volt. Demandeur d'asilë sollen direkt Accès op den Aarbechtsmaart kréien. Volt fuerdert, datt Honger- a Klimaflüchtlingen unerkannt ginn.

Piratepartei: Asylprozedure kierzen

D'Piratepartei hirersäits fuerdert, datt och Homosexualitéit an Transsexualitéit an hir Persecutioun als Asylmotiv unerkannt ginn. D'Pirate fuerderen, datt d'Asylprozedure gekierzt ginn:

"D'Pirate fuerderen eng drastesch Verkierzung an eng komplett Transparenz vum Asylverfahren. Falls ee Joer nom Areeche vun enger Demande op protection internationale nach keng Decisioun gefall ass, da soll dës Demande automatesch ugeholl ginn. Dëst verhënnert, datt Mënsche jorelaang an enger onsécherer Situatioun liewe mussen."

déi Konservativ: Migratioun als politesch Prioritéit

Déi restriktiivst Immigratiouns- an Asylpolitik hunn d'ADR an déi Konservativ. Allebéid si géint eng europäesch gesteiert Migratiouns- an Asylpolitiken. déi Konservativ schreiwen ënner dem Titel "Keng Liberaliséierung an der Migratiounsfro":

"Den UNO-Migratiounspakt, de Verdeelungsschlëssel, d'Flüchtlingsquoten oder de "Resettlement"-Programm, si konsequent afzeleenen. D'Migratiounsfro muss zu enger politescher Prioritéit ginn."

D'Asylrecht misst fir "éierlech" Flüchtlinge garantéiert sinn, esou nach déi Konservativ.

ADR: Solidaritéit op Fräiwëllegkeet baséieren

D'Migratiounspolitik ass fir d'ADR eng national Kompetenz, a Solidaritéit tëschent den EU-Staaten misst fräiwëlleg bleiwen. Wéi déi meescht Parteie bënnt d'ADR d'Asyl an d'Immigratiounspolitik u sécher Baussegrenzen. A well déi net effikass geschützt wieren, "fuerdert d'ADR national Moossname fir d'illegal Immigratioun ze verhënneren. D'ADR ass fir d'Iddi vum fräie Persouneverkéier, mee nëmme fir éierlech Bierger!"

Den ADR-Wahlprogramm schwätzt vun enger "massiver Immigratiounswell". Et ass d'Kritik vun enger "eesäiteg positiver Duerstellung vu Migratioun".


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.