Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Vampire Weekend - Ottoman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asylpolitik an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

Asylpolitik an de Wahlprogrammer

An der éischter Halschent vun 2018 hunn 850 Mënschen eng Demande de protection internationale zu Lëtzebuerg gemaach. Dat sinn der manner, wéi am selwechten Zäitraum zejoert. Trotz de réckleefegen Zuele bleift d'Asylpolitik europawäit ee vun de meeschtdiskutéierten Themen an der Politik. Wéi eng Entwécklunge ginn et hei am Land, wei funktionéiert d'Integratioun vu Refugiéë a wéi positionéiere sech d'politesch Parteien am Wahlkampf?

auto_stories

6 min

Et si schonn zéng Joer hier, datt hie seng Heemecht Eritrea verlooss huet. De Mann, deem säin Numm op dëser Plaz net genannt gëtt, souz als illegale Migrant a Libyen am Prisong. Aacht Joer huet hien am Sudan an der Klandestinitéit gelieft - an iergendwann de geféierleche Wee iwwer d'Mëttelmier gewielt fir an Europa ze kommen. Zanter gutt annerhallwem Mount ass hien zu Lëtzebuerg.

Hien hätt säi Land aus politesche Grënn verlooss, well hie géint d'Politik vun der Regierung wier. De President an Eritrea wier en Diktator, hie wier zanter 27 Joer um Pouvoir, an et wiere keng politesch Parteien zougelooss, zielt hien.

Informatiounen iwwer Lëtzebuerg

D'Odyssee vum Eritreër ass eng vu sëlleche Biographien, déi hire Schlusspunkt zu Lëtzebuerg fonnt huet. Hei huet hien eng Demande op Asyl gestallt a wunnt am Centre d'accueil Creos zu Miersch.

Vun deem Ament u muss hien och um Parcours d'intégration accompagné, kuerz PIA, deelhuelen, erkläert d'Tania Pfanner, Assistente sociale beim Roude Kräiz. Hei géife si als éischt Informatiounen iwwer Lëtzebuerg kréien, Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen an am Franséischen offréiert kréien. Duerno géife si an en obligatoresche Franséischcours vun 132 Stonnen ageschriwwe ginn, erzielt si.

Bis Enn Juni hunn 850 Leit eng Demande op Asyl gemaach. Déi meeschten Demandeure fir Asyl kommen aus Syrien, Afghanistan, Irak an Eritrea. A ronn 48 Prozent vun de Fäll gëtt d'Demande op Asyl accordéiert.

Fuerderungen un d'Politik

Am Lëtzebuerger Flüchtlingsrot LFR sinn eng Rei Organisatioune regroupéiert, déi sech fir d'Rechter vu Refugiéen asetzen. Si hunn am Virfeld vun de Wahlen eng Rei Fuerderungen un d'Politik gestallt. Virun allem déi laang Dauer, déi Leit op eng Decisioun an hirem Asyldossier musse waarden, gëtt kritiséiert. Den LFR proposéiert en Tracing-System anzeféieren. Do kënnen d'Asyldemandeuren zu all Moment gesinn, wou hiren Dossier drun ass. Och den Zougang zum Aarbechtsmarché soll erliichtert ginn.

E puer vun de proposéierte Mesurë fënnt een an de Wahlprogrammer erëm. Dacks bleift et awer bei éischter allgemengen Zousoen.

DP: Nei Strukture plangen

Bei der DP wëllt een nei Strukture plangen, besonnesch fir begleete Mannerjäreger. Lëtzebuerg soll besser op eng eventuell Erhéijung vun Asyldemandë preparéiert ginn. Fir méi séier Prozeduren ze garantéieren, misst "die Verwaltung über ein flexibles Personalmanagement verfügen, das es ihnen erlaubt, kurzfristig zusätzliches Personal zu erhalten. Um keine falschen Hoffnungen aufkommen zu lassen, müssen Asylbewerber, welche die Kriterien für eine Aufnahme nicht erfüllen, das Land nach Abschluss der Prozedur wieder schnellstmöglich verlassen."

Och sollen all d'Kompetenzen, vun der Asylprozedur bis bei d'Betreiung an den Hebergement vu Refugiéen am Immigratiounsministère zesummegeluecht ginn. Integratiounsmoossnamen, déi all auslännesch Matbierger betreffen, solle beim Integratiounsministère bleiwen.

LSAP: Prozedure méi effizient maachen

D'LSAP wëllt och all d'Kompetenzen an engem Ministère bündelen. Doduerch sollen d'Prozedure méi effizient ginn, an d'Zäit, déi Refugiéen op eng Äntwert musse waarden, soll nees ënner déi gesetzlech virgesinnen Dauer vu sechs Méint bruecht ginn. Et soll méi fir d'Integratioun gemaach ginn, och vu Kanner. Zum Beispill wëllt een "keine Schulklassen innerhalb von Betreuungseinrichtungen mehr zulassen und Kindern von Asylbewerbern den Zugang zur öffentlichen Schule ermöglichen."

déi gréng: Quotesystem fir Gemengen

déi gréng fänken hiren Deel zur Asylpolitik mat engem Constat un: "Die europäische Flüchtlings- und Asylpolitik ist repressiv, unsolidarisch und auf Abschottung ausgerichtet. Diese Abschottung ist unmenschlich und verschärft auf Dauer die Probleme. Das möchten wir ändern."

Notamment solle Mënschen, déi iwwer länger Zäit en temporären Openthaltsstatut hunn, ënner verschiddene Konditiounen dauerhaft am Land kënne bleiwen. D'Gemenge sollen iwwer e Quotesystem verflicht ginn, Asyldemandeuren opzehuelen an ze integréieren. Iwwer e Guichet unique sollen Asyldemandeuren een eenzegen Uspriechpartner kréie fir offiziell Demarchen.

CSV: Reform vum europäeschen Asylsystem

D'CSV huet hire Programm nach net komplett verëffentlecht. Am schonn ëffentlechen Deel iwwer d'Europapolitik kann ee liesen:

"Wir stehen für eine Reform der Asylgesetzgebung Dublin III, genauso wie für finanzielle Hilfe im Interesse jener Regionen, die Asylbewerber aufnehmen."

déi Lénk: Nei Opnamstrukture bauen

déi Lénk wëllen nei Opnamstrukture bauen an al Strukture renovéieren. Et wëllt een och "die internen Reglemente erheblich erleichtern um die Autonomie und die Rechte und Freiheiten der Betroffenen zu respektieren. So müssen die Personen ihre Einkäufe selber bestimmen, kochen, ihre Gesundheitsausgaben verwalten können, usw. In diesem Sinne treten wir ebenfalls für eine Erhöhung der monatlichen Zuwendung ein."

Piratepartei: Matsproocherecht fir Asyldemandeuren

Och d'Piraten triede fir eng oppen Asylpolitik an. D'Bewunner vun Asylbewerberheemer sollen ee Matsproocherecht kréien an un der Gestioun bedeelegt ginn. Wann ee Joer nom Areeche vun enger Asyldemande keng Decisioun getraff gouf, soll d'Demande automatesch ugeholl ginn.

Kommunistesch Partei: Näischt Spezifesches

Am Programm vun der Kommunistescher Partei fënnt een näischt Spezifesches iwwer d'Asylpolitik. Asyldemandeure solle besser integréiert ginn.

déi Konservativ: Keng europäesch Ëmverdeelung

déi Konservativ gi sech däitlech méi restriktiv an der Asylpolitik. Eng europäesch Ëmverdeelung leene si of. Lëtzebuerg misst selwer entscheede kënnen, wéi eng a wéi vill Leit ee géif ophuelen.

ADR: Wahlprogramm nach net verëffentlecht

D'ADR huet hire Programm fir d'Wahlen am Oktober nach net verëffentlecht.

Groussen Impakt fir déi Betraffen

Fir déi Betraffen huet d'Asylpolitik, déi hei an an Europa gemaach gëtt, e groussen Impakt. Zanter datt hien zu Lëtzebuerg wier, seet de Mann aus Eritrea, häitt hien endlech Fridde fonnt. Seng Prozedur géif bis elo ganz gutt lafen, senger Fra an hirem klenge Bouf géif et och gutt goen, zielt hien. Um Enn vum Dag wier et dat Wichtegst, a Sécherheet ze liewen.