Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Athen: Alternativen zum Flüchtlingslager?

Logement fir Flüchtlingen

Athen: Alternativen zum Flüchtlingslager?

Zu Athen stinn zanter Joren Dausende vu Gebaier eidel. Gläichzäiteg kommen ëmmer méi Flüchtlingen an déi griichesch Haaptstad. Iwwer 3.000 Flüchtlinge wunne mëttlerweil a Squatten, eng Réi ONGen hu sech och elo dorop spezialiséiert, an der Haaptstad no Alternativen zum Flüchtlings-Modell ze sichen.

auto_stories

4 min

"Wou mir zu Athen ukomm sinn, hu Frënn mir erkläert, datt et e Park gëtt, de Viktoria Park, wou all d'Migrante sech versammelen. Meng Fra war héichschwanger, mäi Jong esou midd. Si souzen de ganzen Dag am Park, ech hu versicht, eng Schlofplaz ze fannen. Et war sou waarm - ech wollt einfach en Ënnerdaach, e bësse Schied. D'Nuecht ass komm an ech hat nach ëmmer näischt fonnt. Iwwerall wou ech gefrot hu krut ech gesot, do wier keng Plaz"

Den Hamid a seng Famill aus Afghanistan sinn am Mee a Griichenland ukomm. Déi éischt Nuecht zu Athen verbréngt d'Koppel getrennt - den Hamid konnt schlussendlech eng afghanesch Famill iwwerzeegen, seng Fra opzehuelen. Hie selwer huet am Park geschlof.

"Et war en Appartement mat zwee Zëmmeren, an et hu vill Fraen do gelieft. Dofir hunn ech mech net wuel gefillt, ech wollt mech net imposéieren. Ech hu si gefrot, op si meng Fra a méi Jong ophuele kéinten. Ech ka jo egal wou schlofen. Mee ech wollt wéinstens, datt si eng Nuecht raschte géifen."

D'Wunnengsnout zu Athen ass e risege Problem fir d'Flüchtlingen, an de Flüchtlingslagere wëllt kee bleiwen. De grousse Skaramangas Camp an der Banlieue vun Athen leit an enger isoléierter Industriezon, ouni Accès zu Servicer oder Geschäfter. Am Lager selwer gëtt et keng Opsiicht, et herrscht d'Gesetz vum Stäerksten. Den Hamid hätt och keng Chance, fir do eng Plaz ze fannen. Déi si fir d'Flüchtlingen, déi eng Asyldemande agereecht hunn, reservéiert. Zanter Woche versicht hien, den zoustännege Service ze erreechen, et schéngt onméiglech.

Alternativen zum Flüchtlingslager

Esou gëtt zu Athen, an notamment am Quartier Exarchia, mat Alternativen zum Flüchtlingslager experimentéiert. Zanter 2008 stinn ëmmer méi Wunnengen am sougenannten Anarchistevéierel eidel, mee de Staat investéiert net an d'Infrastrukturen, seet de Joan Reverte, vun der spuenescher ONG Provocando la Paz. Scho virun der Flüchtlingskris hätt d'Regierung de Problem vun der Wunnengsnout ënnerschat oder net wouergeholl. Doropshi wieren eng ganz Rei Haiser besat ginn. An deene Squatte géifen och Flüchtlinge liewen, sou den Aktivist.

Haut liewen ëm déi 3.000 Flüchtlingen a 15 Squatten zu Exarchia an a weider Quartiere vun Athen. De bekanntste Squat ass de City Plaza, e besaten Hotel, wou Plaz fir bis zu 400 Flüchtlingen ass. Fir de Joan Reverte leit de Succès vum City Plaza dorunner, datt d'Flüchtlingen zesumme mat europäesche Volontairen transversal Solidaritéits-Netzwierker opbauen, selwer organiséiert liewen a sech sou méi séier an déi lokal Gesellschaft integréiere kennen. Dëst soll awer net iwwerall de Fall de sinn.

Vir- an Nodeeler vu Squatten

Dat werft vill Froen op iwwer de Modell vum Flüchtlingslager wéi en haut an Europa existéiert. Kéinte Projete fir e kollektiivt Zesummeliewen tëscht Flüchtlingen a Locals zum Beispill och Studenten an eeler Leit, déi sozial Inklusivitéit fërderen?

De Joan Reverte mengt, dës Iddien hätte vill Potential, mee géifen zu Athen dacks wéinst engem Mangel u Sécherheet scheiteren.

E Squatt géif zwar méi Beweegungsfräiheet schafen, gläichzäiteg kéint jiddereen an de Squat erakommen, dorënner och d'Mafia an aner geféierlech Gruppen, déi d'Flüchtlingen erpresse kënnen. Dëse System géif nëmme fonctionnéieren, wann och ee Grupp vu Volontairë mat am Squat géife wunnen, seet de Joan Reverte. An de Squatten, wou Volontairen ausgeschloss ginn, wieren d'Flüchtlingen dacks a Gefor.

Ausenanersetzungen tëscht Flüchtlingen, der Mafia an Drogendealeren

Nodeems d'ONG Provocando la Paz eng Zäit laang an engem Squatt gelieft huet, hu si sech dofir entscheet, e Gebai ze lounen. Et koum zu regelméissegen Ausernanersetzunge mat der Mafia an Drogendealer. Si huelen haaptsächlech vulnerabel Fraen a Famillen op, déi soss op der Strooss géinge bleiwen. Dat wier de beschte Wee fir d'Flüchtlingen. "Eis Grondregele sinn: Keng Gewalt, keng Drogen, keng Mafia, kee Sexismus a Respekt", seet de Joan.

Den Hamid a seng Fra kruten e puer Deeg nodeems si a Griichenland ukomm sinn en Zëmmer bei der spuenescher ONG. Eng Laangzäitléisung ass et net, mee fir de Moment ginn et nëmme wéineg Perspektiven.

"Nodeems mir ukomm sinn, hunn ech un all Dier geklappt, mee ech krut keng Hëllef - ausser hei. Ech mengen net, datt mir hei an Europa sinn, well eis gëtt hei net gehollef. Griichenland soll d'Leit weiderzéie loossen".