Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng faszinant Geschicht, eng extrem sensibel Sprooch

Atiq Rahimi - Les Porteurs d'eau

Eng faszinant Geschicht, eng extrem sensibel Sprooch

Zwou parallel Geschichten, zwee ganz ënnerschiddlech Protagonisten. Wat si verbënnt ass hiert Heemechtsland Afghanistan an d'Sich no der Léift an de richtege Wierder. Den afghanesche Schrëftsteller Atiq Rahimi huet d'Valerija Berdi och mat sengem leschte Roman mam Titel "Les Porteurs d'eau" total faszinéiert.

auto_stories

4 min

Et ass den 11. Mäerz 2001 an deen Dag, wou am Afghanistan d'Buddha-Statuen zerstéiert ginn, et begleet een am Atiq Rahimi sengem Roman "Les Poteurs d'eau" zwee Protagonisten.

Do ass de Yüsef, hie lieft am Afghanistan, dat vun Taliban regéiert gëtt. Zu Kabul feelt et u villem, awer virun allem u Waasser. De Yüsef weess awer, wou ee frëscht a gutt Waasser fënnt a sou bréngt hien Dag fir Dag dat Waasser bei d'Leit heem.

Dehors il n'est plus Yüsef, mais le porteur d'eau.

Mee doheem ass de Yüsef e Mann, dee vu Gefiller iwwerwältegt gëtt, hie verléift sech a seng Schwéiesch, mee hie ka mat senge Gefiller net ëmgoen, weess net, wat him geschitt, wat seng Gedanken un an iwwer d'Shirine bedeiten, hie weess net wat Léift ass a wat ee mat enger Léift mécht, déi jo net soll an net däerf sinn, eng Léift, déi u sech onméiglech ass. A well hie mat dëse Gefiller net eens gëtt, léisst hie seng Roserei um Shirine aus, begéint hir mat Haassgefiller an ongerechten Handlungen.

Tu as froid, le soleil aussi. L'aube indécise comme toi, peine à se lever, laissant la chambre sombrer dans un noir absolu.

Dem Tom seng Flucht

De selwechten Dag zu Paräis. Den Tom erwächt an hien huet just ee Plang, seng Fra a seng Duechter ze verloossen, op Amsterdam ze flüchte fir do mat senger Maîtresse en neit Liewen unzefänken.

Hie wëllt mat senger Fra schwätzen, hir et erklären. Den Tom fënnt d'Wierder fir seng Trennung ze begrënnen, fir d'Léift fir d'Nuria ze begräifen, mee hien traut sech net, se auszeschwätzen.

Partir sans un mot. Sans regard. Sans baisers. Lâchement.

Den Tom huet mat senger afghanescher Vergaangenheet ofgeschloss, säin Numm geännert, hien ass e perfekte Fransous ginn, dee mol net méi seng éischt Sprooch schwätze wëllt.

En oubliant la langue, tu oublieras tes pensées.

An hie wëllt vill vergiessen, seng Souveniren aus Afghanistan an elo och säi Liewen zu Paräis, mee hie muss senger Fra soen, datt hie fort ass, datt hien am Auto sëtzt um Wee op Amsterdam an dat fir ëmmer...

D'Fraen maachen den zwee Männer d'Aen op

De Yüsef, deen Äntwerten op all seng Gedanken a Froen an der islamescher Relioun sicht, begéint dem Buddhismus an ass iwwerrascht, datt och aner Äntwerte méiglech sinn, datt säin Alldag, säi Liewen a säi Wëssen net alles sinn, an datt net d'Taliban déi sinn, un deenen hie sech e Beispill huele soll, well dat sinn déi lescht, déi hie gutt behandelen, wann hie mat sengem Waasser ënnerwee ass ...

Dégage, chien de merde!

Och wann an dësem Wierk vum Atiq Rahimi zwee Männer d'Haaptfigure sinn, sinn et erëm eng Kéier d'Fraen, déi awer déi wichtegst Roll spillen, déi de Männer d'Aen opmaache fir eng méi nuancéiert Siicht op d'Welt. Et sinn d'Fraen, déi de Wäitbléck hunn, Fraen, déi duerch hir Liewenserfarung eng Sensibilitéit an Oppenheet entwéckelt hunn, déi den zwee Männer bis zu de Rencontere friem waren.

"Les porteurs d'eau" ass e Roman voller Widderspréch, eng Geschicht, wou d'Dualitéit eng wichteg Plaz huet. Zwou Buddhastatuen, zwou Geschichten, zwee Sproochen, zwou Reliounen, zwou Fraen, zwou Opportunitéiten ... Géigesätz a Widderspréch, déi awer zesummegehéieren, openeen ugewise sinn.

Aussergewéinlech sensibel a poetesch Sprooch

An dann ass d'Sprooch do, déi beim Rahimi eng eminent Bedeitung huet. Wéi wichteg ass et fir all Gedanken an all Gefill e Wuert ze hunn, a wat mécht et mat engem, wann een d'Wierder op eemol huet? Ännert de Mënsch, wann hien eng aner Sprooch schwätzt?

All dës a vill aner Froe geheit den Atiq Rahimi, an enger wéi gewinnt aussergewéinlech sensibeler a poetescher Sprooch, op, déi esou präzis a subtil ass. Et ass e Buch, dat sech u sech ganz einfach liest, mee dat ee ganz lues liese soll, all Saz reegelrecht opsaugen a wierke loosse muss, fir déi ganz Komplexitéit vun der Literatur vum afghanesche Schrëftsteller ze begräifen an ze genéissen ...