Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Thin Lizzy - Dancing In The Moonlight (It's Caught Me In It's Spotlight)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Audit: Oppositioun fuerdert Transparenz

Gemeng Hesper

Audit: Oppositioun fuerdert Transparenz

Den Audit ëm d'Verontreiung an der Gemeng Hesper soll verëffentlecht ginn, fuerdert d'Oppositioun. Den DP-Gemengerot Claude Lamberty reagéiert domat op d'Aussoe vum CSV-Buergermeeschter Marc Lies, deen den Audit net wëllt public maachen.

auto_stories

1 min

Den Oppositiounspolitiker Claude Lamberty (DP) wëllt, datt den Audit publizéiert gëtt. Foto: Archiv

E Freideg soll de Gemengerot den Audit am Huis clos presentéiert kréien. De Claude Lamberty fuerdert awer voll Transparenz.


Den Interview mam Claude Lamberty lauschterenplay_arrow


De Marc Lies sot, et wéilt een den Audit net public maachen, well een Deel vun den Informatiounen nominell wieren: "Dat sinn deelweis och Interna, wat de Fonctionnement an d'Payementer an déi ganz Gestioun vun de Finanzen ugeet. Ech mengen, dat soll in-House bleiwen", sou de Marc Lies.

Nom Audit hat d'Gemeng Hesper dem Inneministère e puer Recommandatiounen erageschéckt fir Verbesserungen am Gemengegesetz, wéi och fir déi informatesch Plattform Sigi ze proposéieren. Den Audit géif eng Partie Upassungen um System proposéieren, géif méi Transparenz a méi Kontrolle virgesinn.

Rezent war bekannt ginn, datt déi lescht 20 Joer Suen an eestelleger Milliounenhéicht ënnerschloe goufen.