Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fox - Fade Into The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausbildung am Santésberäich: OGBL schwätzt vu "Chaosreform"

Gesondheetssecteur

Ausbildung am Santésberäich: OGBL schwätzt vu "Chaosreform"

Am Gesondheetsberäich fuerderen zwielef Organisatiounen, datt déi geplangt Reform vun der Ausbildung nach eng Kéier iwwerschafft gëtt. D'Propos déi am Moment um Dësch läit, wier eng "absolutt Chaosreform", sou de Pitt Bach vum OGBL. Seng Gewerkschaft wëllt elo zesumme mat deenen eelef aneren Organisatioune vun der Regierung gehéiert ginn.

auto_stories

1 min

Mee riskéiert net och dat Chaos ze ginn? Dat mengt de Pitt Bach net, well et schonn e groussen Austausch tëscht de verschiddenen Acteuren um Terrain an hire Gewerkschafte gi wier. Et géif een "eng Sprooch schwätzen", d'Positioune wieren am Fong deckungsgläich. Dofir wier et ëm sou méi verwonnerlech, datt de Projet a senger aktueller Form, déi Positiounen net géif erëmspigelen. Esou eng Reform kéint nëmme Sënn erginn, wann ee sech ëm all d'Beruffer Gedanke mécht, déi um Terrain aktiv sinn.

"Hei ginn sech awer ganz e puer Beruffer erausgepickt, an da ginn do Ännerunge virgeholl. Et ginn awer aner Beruffsgruppen ewéi den Aide-Soignant, den Auxiliaire de Vie, den Aide Socio-Familial, déi um Terrain aktiv sinn, déi einfach elo emol ignoréiert ginn."

Fir d'Enttäuschung doriwwer zum Ausdrock ze bréngen ass (haut) Dënschdeg Nomëtteg eng Manifestatioun virun der Chamber geplangt.