Auslännerwahlrecht: Nach keng Gespréicher mat Oppositioun

D’CSV ass nach net vun de Majoritéitsparteie kontaktéiert ginn, fir iwwert e méigleche Kompromëss beim Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht ze schwätzen, sou de Paul-Henri Meyers an eisem Mëttespanorama. Viraussetzung fir esou e Gespréich och, datt DP, LSAP an déi Gréng selwer eng konkret Propos op den Dësch leeën, iwwert déi een da ka beroden. Dem Paul-Henri Meyers no misst d’Majoritéit soen, ënner wéi enge Konditiounen d’Net-Lëtzebuerger an hiren Aen d’Wahlrecht sollte kréien, a wéi een déi entspriechend Fro dann an engem konsultative Referendum kéint formuléieren: "T'ass jo net esou, dass déi aner Parteien bei eis kommen a soen mir wëllen mat iech iwwert äre Wahlprogramm schwätzen. Dat wier jo e bëssi gelungen".

D'Ausgangspositioun vun der CSV wier awer, datt amplaz den Accès zur Nationalitéit soll vereinfacht ginn, sou de Paul-Henri Meyers. De grénge Justizminister Felix Braz hat am 100,7-Interview gesot, datt d’Koalitiounspartner e breede Konsens an der Chamber wéilte siche fir ze decidéieren ob a wéi d’Fro nom Auslännerwahlrecht an engem Referendum soll gestallt ginn.

D'Optioun fir d'Auslännerwahlrecht iwwer Gesetz anzeféieren, ass dem fréiere President vun der Chamberinstitutiounskommissioun no vum Dësch. Dat well souwuel d'CSV, wéi och d'Majoritéitsparteien de Konsens vum Mäerz 2013 an der Chamberinstitutiounskommissioun verworf hätten. Deemools war ee sech partei-iwwergräifend eenz, datt an déi nei Verfassung sollt stoe kommen, datt d’Net-Lëtzebuerger kënnen d’Wahlrecht kréien. Déi genau Konditiounen kéinten iwwert e Gesetz mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit bestëmmt ginn.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen