Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - So You Are Tired

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ausschléisse kann ee keen"

Studiebäihëllef fir Frontalieren

"Ausschléisse kann ee keen"

Den LCGB ass der Meenung, datt an Zukunft keng Restriktioune fir Frontaliere méi an d'Gesetz fir d'Studiebäihëllefe kënne geschriwwe ginn. Dat nodeems den Europäesche Geriichtshaff gëschter fir d'drëtt en entspriechend Gesetz gekippt huet.

auto_stories

3 min

Den Ament musse Frontalieren, wann hiert Kand eng Studentebourse ufreet, op d'mannst fënnef Joer bannen de leschte siwe Joer hei am Land geschafft hunn. Datt ee manner restriktiivt Gesetz awer méiglecherweis mat engem méi grousse Käschtepunkt verbonne wier, gesäit den LCGB kritesch. Een Argument dogéint wier zum Beispill, datt d'Frontalieren hei am Land cotiséieren an deemno géifen dozou bäidroen, datt d'Studenteboursse bezuelt géife ginn, esou de Christophe Knebeler vum LCGB.

Restriktiv Gesetzer

Déi aktuell Reegelunge fir d'Boursse wiere scho vill méi restriktiv, wéi déi al Reegelung an d'Bourse ass a verschidden Deeler opgedeelt, erkläert de Gewerkschaftler. Den LCGB kritiséiert "schonn zanter Joren", datt d'Basis vun der Bourse ze niddreg wier. "A wann Dir dat eleng vergläicht mam Kannergeld, wat deemools eng Famill kritt huet virun 2010, ouni eng Bourse ze kréien, dat war vill méi héich, wéi de Basis-Montant vun de Bourssen. An och dat ass deemools u jiddweree bezuelt ginn."

Et sollt een dofir bei de Studiebäihëllefe fir Frontalieren net an enger Logik vu Käschten iwwerleeën, esou de Gewerkschaftler, mee:

"Et muss een éischter kucken: wat ass an deem Sënn den Notzen, dee Lëtzebuerg kann doraus zéien? An do ginn et sécherlech ganz vill Aspekter, wou mir een Notzen doraus zéien, a wou et méi wéi gerechtferdegt wier, fir déi doten Depensen do ze maachen."

Et missten och weiderhi sozial Krittären am Gesetz fir d'Studenteboursse gëllen, mee dës Krittäre kéinten net "als Excuse duerhale fir verschidde Gruppe vu Leit wëllen auszeschléissen", esou de Christophe Knebeler. "Ech mengen et muss einfach eng Logik sinn, datt Verschiddener méi staark ënnerstëtzt ginn. Mee ausschléisse kann ee kenn."

Restriktiv Gesetzer

Grad dat wier awer de Problem mat der Gesetzgebung hei am Land déi lescht Jore gewiescht, kritiséiert de Christophe Knebeler. En éischt Uerteel vun den europäesche Riichter aus dem Joer 2013 hat schonn d'Reegel gekippt, datt Kanner vu Frontalieren kee Recht op eng Bourse hätten. Duerno gouf d'Gesetz geännert. Frontaliere missten duerno onënnerbrach bannent fënnef Joer den Ament vun der Ufro fir d'Studiebäihëllef hei schaffen.

Mee domat - grad wéi mat der momentaner Reegelung - huet Lëtzebuerg erëm géint EU Recht verstouss, esou de Christophe Knebeler. D'Politik, déi zanter 2010 gemaach gouf, hätt an deem Sënn "och net wesentlech geännert". Et wier déi falsch Politik fir d'Gesetz esou restriktiv ze halen an et net ze vill grouss opzemaachen, "datt eigentlech déi, déi missten en Urecht drop hunn, net ëmmer een Urecht drop hu wéinst verschiddene Krittären".

"Ähnlech Uerteeler kéinten nokommen"

Den LCGB gesäit eng ähnlech Politik och an aneren Domainer, "an do ass et natierlech och ze fäerten, datt nach ähnlech Uerteeler kéinten nokommen", seet de Christophe Knebeler, ënner anerem iwwer d'Kannergeld fir Frontaliere bei sougenannte Patchwork-Famillen.

Den Héichschoulministère huet ugekënnegt am Dossier vun de Studiebäihëllefe wëllen ze legiferéieren. Deemnächst soll een Avant-projet de loi mat zousätzleche Krittären am Regierungsrot presentéiert ginn, fir dem Uerteel Rechnung ze droen, heescht et an engem Schreiwes vum Héichschoulministère.