Radioen

On air

De Moien  |  Flyte - Amy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aussergewéinlecht a villschichtegt Progrock-Wierk

Genesis The Lamb Lies Down On Broadway

Aussergewéinlecht a villschichtegt Progrock-Wierk

"The Lamb Lies Down On Broadway", dee sechste Studioalbum vum brittesche Quintett, ass deen ambitiéisten an der Genesis-Discographie - et ass en duebele Konzeptalbum, dat heescht, hien erzielt an iwwer 95 Minutten eng Geschicht, an där alles zesummenhänkt, gebëndelt an 23 Eenzeltracken. Presentéiert vum Fred Medernach.

auto_stories

6 min

Ausgeduecht vum Gabriel

Et ass d'Rees vun där vum Peter Gabriel geschaafter Figur Rael - en urban Punk Freak géif ee wuel haut soen - eng Rees, déi moies fréi an engem onheemleche Niwwel um Times Square zu New York ugeet an iergendwann, no Tonnen Aventuren an Erliefnesser, an enger Fantasywelt ophält ... onméiglech se an e puer Wierder oder Zeilen ze resuméieren ... et ass eng Zort Sich no sech selwer, mat zwee Charaktären, de Rael a säi Brudder John - mee béid Figure vereene sech um Schluss vum Album, ginn een an dee selwechten.

Fir den Text, also d'Geschicht, zeechent eleng de Peter Gabriel verantwortlech, just een Titel staamt vum Duo Tony Banks / Mike Rutherford. Mat der Musek huet de Gabriel praktesch näischt ze dinn, fir déi suergen déi véier aner Bandmemberen. Op d'mannst fir d'Basis, si gëtt dono an der Feinofstëmmung un déi fäerdeg Texter adaptéiert. Et sinn dat kloer Unzeeche vun enger Trennung - an et ass dann och dee leschte Genesis-Album, op deem déi charismatesch Figur Peter Gabriel matwierkt. Dono iwwerhëlt ëmmer méi de Phil Collins d'Rudder.

Ënnerwee mam Rael

Den Haaptprotagonist Rael, erschafe vum Peter Gabriel, ass de roude Fuedem an "The Lamb Lies Down On Broadwa"' - a säi komplizéierten, komplexen an erliefnesräichen Trip uechter eng geféierlech Welt vollgepaakt mat allerhand Fantasyfiguren, gëtt spéitstens no der Trennung vum Gabriel an dem Rescht vun der Band als perséinlech Sich no sech selwer vum Textauteur, dem Peter Gabriel, betruecht.

De Sänger an Texter vun der Band ass 1974 privat gefuerdert, ënnerstëtzt seng Fra an enger schwiereger Schwangerschaftsphas beim éischte Kand a pendelt dofir tëschent doheem, der Klinik an dem Tounstudio - an hien huet parallel zur Opnam mat Genesis nach en anere Projet lafen, hie gouf vum "Exorcist"-Regisseur William Friedkinn kontaktéiert fir e gemeinsame Film - deen ni wäert entstoen. Vill Duercherneen deemno, den Album ass praktesch e Patchwork vun Texter Gabriel an de véier Bandkolleegen ... quitt datt d'Resultat beschtens funktionéiert.

Trotzdeem ass de Wuerm dran - eng Bandharmonie gesäit anescht aus. Och well de Bassist Mike Rutherford sech zolidd mam Gabriel an d'Hoer kritt: säi Projet war et, dem Saint-Exupéry säi "Petit Prince" als Konzeptalbum ze verschaffen. Et ass de Peter Gabriel, dee sech mat senger Iddi duerchsetzt. De klenge Prënz wäert ni vertount ginn.

Fir d'Aen a fir d'Oueren

"The Lamb Lies Down On Broadway" ass net nëmmen en Duebelalbum fir d'Oueren: den Trip vun der Peter-Gabriel-Figur Rael wäert an enger opwändeger Manéier och visuell duergestallt ginn, dëst wärend der Live-Tour bei där a sechs Méint iwwer 100 Concerten an Europa an an den USA iwwer d'Bühn ginn. Eng Tour, déi an d'Geld schléit a mat engem saten Defizit fir d'Band endegt - de Gittarist Steve Hackett resuméiert en um Enn op 220.000 englesch Pënner.

Mee fir de Peter Gabriel ass dës visuell Begleedung e Must, hien ass als Sänger a Frontman dann och deen, op deen all Blécker geriicht sinn, hie klëmmt a verschidde Rollen eran, dréit Kostümer, maquilléiert sech, verstellt seng Stëmm fir déi eenzel Rollen - hie steet am Mëttelpunkt vun enger fantastescher Lightshow mat Honnerte vu Projektiounen, déi d'Geschicht besser verständlech maache sollen ... an dofir ass den Album och esou opgebaut, datt e live kann opgeféiert ginn: gesonge Lidder, dertëschent reegelméisseg instrumental Passagen, déi et dem Gabriel erlaben, hanner de Kulisse fir eng nei Figur prett gemaach ze ginn.

Eng Zort Musekzirkus deemno, kee liichte Kascht, weder fir d'Oueren nach fir d'Aen. Leider sinn, wuel aus Käschtegrënn, keng Kameraen dobäi fir d'Show ze dokumentéieren. Am Netz dauche just eng etlech Fotoen op, déi e klengen Androck vun de ganz faarweg a fantasievoll gestallte Concerte vermëttelen.

D'Thema Sexualitéit omnipresent

En Thema, dat um Lamb-Album a méi wéi engem Lidd thematiséiert gëtt, ass d'Sexualitéit ... ugefaange bei der rabiater Groussstad New York, déi de Rael an d'Welt setzt, erotesch Erfarunge mat lüstern Vampir-änleche Wiesen - The Lamia nennt de Gabriel se -, éischt sexuell Erliefnesser ginn am Song "Counting Out Time" erzielt, de Rael wielt d'Kastratioun fir d'Libido ze ënnerbannen - do kënnt esou munches zesummen. Net zulescht d'Figur vum Slipperman, an déi de Gabriel op der Bün klëmmt - versi mat engem iwwerdimensionalen opblosbare Penis.

Kriticken a Protester ginn et awer keng - schonn erstaunlech, wat awer och domadder ze dinn huet, datt just zwee Lidder als Singlë fir de Radioasaz ausgekoppelt ginn: déi éischt, "Counting Out Time", bleift quasi ouni Reaktioun an Erfolleg. Dofir schléit déi aner ëmsou méi an.

"The Carpet Crawlers" - logescherweis als Single aus dem Kontext vum Konzeptalbum gerass an domadder net onbedéngt representativ fir d'Gesamtwierk - gëtt international op de Radioe erop an erof gespillt. D'Lidd stéisst beim éischte Lauschteren vum Text hier net un, mee d'Geschicht, déi erzielt gëtt, ass net esou "ohne".

Beschriwwe gëtt de Wee vum Held Rael iwwer e rouden Teppech, duerch e laange Gank, um Enn eng Dier déi opgeet, an eng Trap féiert hien an e geheimnisvollt Zëmmer ... vläicht dach de Wee vum klenge Som a Richtung Eezell? Dat op d'mannst d'Meenung vu méi wéi engem, deen dem Gabriel seng Fantasiestory Lidd fir Lidd zerpléckt.

1 + 4 als Stäerkt

Ass de "Lamb On Broadway' eigentlech nach e richtege Genesis-Bandalbum, oder ass et éischter e Peter Gabriel-Egotrip, deen déi fënnef Museker eng leschte Kéier a kompakter Formatioun vereent - dës Fro gëtt sech besonnesch wärend de Live-Opféierunge vum Album ëmmer méi dacks gefrot: Rutherford, Banks, Collins an Hackett sinn an Toppform - spillen awer hanner der charismatescher Figur vum Gabriel nëmmen déi zweet Roll.

Allerdéngs: de Charme vum Album entsteet fir mech duerch d'Kombinatioun vun deenen zwou Partien: duerch d'Texter vum Peter Gabriel an duerch seng gesanglech a schauspilleresch Leeschtung ... an dann awer och duerch d'Musek, déi vun deenen anere Véier geschriwwe gouf, op d'mannst d'Basis, déi gëtt dann am Detail un d'Texter adaptéiert.

"The Lamb" ass zum Deel eng Sich no spiritueller Erleuchtung, esou deit de Peter Gabriel den Album, e géif d'Entfriemung an d'Ënnerdréckung vum Mënsch thematiséieren um Wee, deen him um Enn e bëssi Wäisheet bréngt. Keen allze schwéiere Kascht, deen hien do Sujet-méisseg verschafft hätt - seet op d'mannst de Peter Gabriel, ë. a. grousse Fan vum Psychoanalytiker Carl Gustav Jung.

De Rezensent vum renomméierte Site Allmusic mengt: "The story never makes sense" a gëtt dem Lamb-Album trotzdeem d'Maximalbewertung vu fënnef Stären. Wie sech gäre selwer seng Meenung mécht, dee brauch eppes: vill Zäit, fir sech mat engem aussergewéinlechen a villschichtege Progrock-Wierk vun der Extraklass ze beschäftegen.