Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aussetze vun der Flächenstilllegung: Gemëschte Reaktiounen

Landwirtschaft

Aussetze vun der Flächenstilllegung: Gemëschte Reaktiounen

Mam Aussetze vun der sougenannter Flächestillegung, also dem Brooch leie loossen vu landwirtschaftleche Felder, wëllt de Landwirtschaftsministère d'Produktioun vu Liewensmëttel ukierpen, dat méi speziell en vue vum Krich an der Ukrain an dem Mangel u Weess. D'Reaktiounen op déi Decisioun, déi d'EU-Kommissioun erméiglecht huet, si mitigéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Chepko Danil Vitalevich

Lauschterenplay_arrow

Et ass eng gutt Decisioun, well se de Baueren eng gewësse Planungssécherheet fir déi nächst Wantersaat gëtt, sou de President vun der Bauerenzentral Christian Wester. Och wann de Bäitrag éischter kleng wier. Lëtzebuerg sollt a misst säin Deel zu der internationaler Liewensmëttelversuergung bäidroen.

Mouvement Ecologique: Ëmschalten op Bio-Landwirtschaft als Alternativ

Ugeplanzt ginn dierfe just Liewensmëttel, also kee Mais a keng Fudderplanze fir Béischten, déi e Groussen Deel vun de Felder hei am Land bedecken.

"Do gesäit ee schon dat eppes um ganze System falsch ass", mengt de Jacques Pir vum Mouvement Ecologique. Amplaz Biodiversitéit op Broochflächen eng Chance ze ginn, géif elo nach méi Energie a Form vun Trakterdiesel, Dünger a Pestiziden an dës Felder gestach ginn. Nëmmen duerch e komplett ëmschalten op Bio-Landwirtschaft hätt déi eng Zukunft.

Keen Auswee aus dem System

Brooch Felder si fir d'éischt emol eppes, wat de Bauer a senger Produktioun bremst, mengt d'Daniela Noesen, Direktesch vun der Vereenegung vir Biolandwirtschaft.

"Dat ass just een Akt vu Solidaritéit, mee et änner näischt um System an deem mir grad dran hänken. A mir mierke jo iwwerall, wann ee Riedchen an eisem globale System, deen op Wuesstum opgebaut ass, net fonctionéiert, da fält alles a sech zesummen."

All klengen Effort fir méi Weess ze produzéiere wier sécher ze begréissen, mee sou laang no intensive Krittäre bewirtschaft gëtt an d'Probleemer vum Verschwanne vun der Biodiversitéit an dem Klimawandel net eescht genuch geholl ginn, wier déi klassesch Landwirtschaft um Holzwee.