Ausstellung Éischte Weltkrich: Majoritéit stëmmt géint Budgetsamendement

D’Käschte fir déi geplangten Ausstellung iwwert den Éischte Weltkrich ginn net méi nodréiglech an de Budgetsprojet 2014 ageschriwwen. An der Chamberfinanzkommissioun hunn DP, LSAP an déi Gréng géint en deemenstrpriechenden Amendement vun der ADR gestëmmt. No der Reunioun huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen d'Decisioun bedauert: d’Majoritéit hätt bewisen, datt se d’Ausstellung net wëll. Och d’CSV-Deputéiert, déi fir den Amendement gestëmmt hunn, hu kritiséiert, datt déi fir de Summer 2015 geplangten Ausstellung am "Musée Dräi Eechelen" definitiv annuléiert ass.

Den DP-Fraktiounschef a President vun der Finanzkommissioun huet sengersäits betount, datt d’Regierung amplaz eng Wanderausstellung plangt. Iwwerdeems wier et net üblech, datt d’Chamber esou punktuell Budgetsartikelen iwwer Amendement an de Budget aschreift, sou den Eugène Berger.

D’Ausstellungsmaterial sollt 256.000 Euro kaschten. D'Uni schafft zënter engem Joer um Projet.

Den Eugène Berger iwwert d'Decisioun vun der Majoritéit, déi juristesch Valeur vun der Conventioun tëscht dem Kulturministère an der Universitéit Lëtzebuerg, an d'Konzept vun der alternativer Wanderausstellung:

 

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry ass der Meenung, datt et der ADR mat hirem Amendement net ëm d'Ausstellung selwer geet, a schwätzt vu "politeschem Gespills":

 

Den ADR-Deputéierten Gast Gibéryen hält d'Argumenter vun der Majoritéit fir "mat den Hoer erbäi gezunn":

 

Den CSV-Deputéierte Gilles Roth kritiséiert d'Decisioun vun der Majoritéit a gesäit net, wéi de fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker de Budget fir d'Ausstellung schonn hätt kënnen op d'Säit leeën:

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen