Avis Staatsrot: Sektoriell Pläng

D’Propose vum grénge Minister François Bausch fir deen ëmstriddenen Artikel 19 aus dem Landesplanungsgesetz ze sträichen, kritt indirekt d’Ënnerstëtzung vum Staatsrot. Ufank Oktober hat d’Regierung nämlech nach proposéiert fir deen Artikel ëmzeschreiwen: domadder sollten déi juristesch Problemer mam direkten Akraafttriede vun de sektorielle Pläng geléist ginn. Géint deen Amendement opposéiert de Staatsrot sech awer a sengem Avis. Ënnert anerem well d’Fro vun derVerfassungskonformitéit weiderhin netgeklärt wier. Egal wéi sollt d’Regierung dofir suergen, datt déi sektoriell Pläng réischt zu engem spéideren Zäitpunkt obligatoresche Charakter fir d'Gemenge kréien. An et misst eng aner reglementaresch Basis fir d'Pläng fonnt ginn.

Et bleift ofzewaarden, ob de Regierungsrot haut decidéiert den Artikel 19 effektiv ze sträichen, sou datt déi sektoriell Pläng net méi verbindlech wieren. Obwuel de François Bausch dat dementéiert hat, gouf eisen Informatiounen nach ganz rezent driwwer diskutéiert, ob een net amplaz sollt déi sektoriell Pläng ganz zréck zéien.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Net verpassen

  • 24.01. Opruff Media & Me

    Media and Me_2022_1200x667px.jpg

    De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen