Expert vun de Moralesenseignantë kritiséiert Pläng fir Wäerteunterrecht
Am Educatiounsministère sengem Kadertext fir den neie Wäerteunterrecht feelt et un enger klorer Fachdidaktik an un engem wëssenschaftleche Fach als Ausgangsbasis. Esou steet et am Avis vum Joachim Kalcher, dem Expert aus dem Aarbechtsgrupp vun de Moralesenseignanten. No sengem Avis huet d'Regierung den Text punktuell geännert. Kritiséiert gëtt am Avis, datt am neie Fach iwwerschriwwe “Leben und Gesellschaft” virun allem d’Relioune fir ethesch Bildung zoustänneg wären. De Kalcher-Rapport dee bis ewell net ëffentlech ass, läit eis vir.
De Bäitrag vum Mick Entringer: