Aweiung vun der Nordstrooss, Enn vu jorelaange Kontroversen?

Ausgerechent de gréngen Infrastrukturminister François Bausch huet d’Nordstrooss haut offiziell ageweit. Déi Gréng hate sech jorelaang géint deen ëmstriddene Chantier gewiert, deen um Enn mat 750 Milliounen Euro méi wéi duebel esou deier gëtt wéi geplangt. Gestëmmt gouf de Bau no enger hëtzeger Chamberdebatt am Summer 1997.

20150923-Nordstrooss-006© Paul Matzet

Wéi de Bau vun der Nordstrooss de 9. Juli 1997 an der Chamber diskutéiert gouf, war d’Opreegung ënnert den Deputéierte grouss. Den deemolege Chamberpresident Jean Spautz hat missten agräifen, fir d’Gemidder ze berouegen.

Déi Gréng waren déi eenzeg Partei, déi géint d’Nordstrooss gestëmmt haten. An enger engagéierter Ried hat de gréngen Députéierte Camille Gira, haut Staatssekretär am Ëmweltministère, gemengt, d’Nordstrooss wier kee Grond fir ze feieren. Ënnert anerem fir d’Leit aus dem Uelzechtdall, “well et steet haut schonn schwaarz op wäiss geschriwwen, datt dës Strooss hir Liewensqualitéit net esou verbessere wäert, wéi si dat versprach kritt hunn”. De Camille Gira hat deemools och d’Manéier kritiséiert, wéi d’Regierung an d’Majoritéitsparteien “sech géint eng Minoritéit vun Aneschtdenkenden duerchgesat huet”.

Den deemolegen LSAP-Bauteminister Robert Goebbels hat déi grouss Polemik ëm d’Nordstrooss bedauert. “Den Auto ass an eiser Gesellschaft onverzichtbar, quitte datt ech mat all deenen d’Accord sinn, déi soen, datt den Auto nach am Interessi vun der Ëmwelt muss méi propper ginn”. De Camionsverkéier wier aus der Gesellschaft net ewech ze denken, e wier net duerch den ëffentlechen Transport z’ersetzen, sou de Robert Goebbels op der Chamberstribün.

Eklat op der Ökofoire 2002 an d'Positioun vun Ecologisten haut

D’Kontrovers em d’Nordstrooss gouf fënnef Joer méi spéit op der Ökofoire weidergefouert. Grad um Dag vun der Ouverture vun der Editioun 2002 gouf den ëmstriddensten Deel vun der Strooss, duerch de Gréngewald, ageweit. D’Ried, déi den deemolege Premier Jean-Claude Juncker (CSV) op der Ökofoire sollt halen, gouf aus Protest ofgesot. “Mir haten eis souvill Onverfruerenheet net virgestallt”, sou deemools de Raymond Becker, fréiere President vum Ökofonds.

Ëmweltorganisatioune protestéieren och haut nach géint d’Nordstrooss. Verkéiersproblemer géif se keng léisen, duerch de Bau wieren dogéint irreparabel Schied am Gréngewald entstan, huet de Mouvement écologique viru kuerzem geschriwwen. Am Réckbléck bedauert seng Presidentin Blanche Weber, datt am Debat net déi bescht Argumenter gezielt hätten. “Bei der Nordstrooss huet eis am meeschte wéi gedoen, datt een de Match op Net-Argumenter verluer huet”, sou d’Blanche Weber am Juli am 100,7-Interview.

Och den aktuelle gréngen Infrastruktur- a Nohaltegkeetsminister François Bausch huet sech laang géint d’Nordstrooss gewiert. Hien ass haut nach net honnert-prozenteg vum Projet iwwerzeegt. “Wirtschaftlech gesinn hunn ech meng Zweiwelen, datt dat e positiven Impakt op de Norden huet. Ech mengen, datt et éischter e positiven Impakt huet an déi Richtung wou schonn d’Aarbechtsplazen haut vill sinn”, sou de Minister am Juli op eiser Antenn. Hee kéint awer novollzéien, datt d’Leit vun Ettelbréck méi séier an respektiv bei d’Stad erof kéinte kommen.

Audio

De Jean Spautz, Chamberpresident, während der Nordstrooss-Debatt am Juli 1997:

 

De Camille Gira als gréngen Deputéierten während der Debatt:

 

De Robert Goebbels, fréiere Bauteminister, op der Chambertribün:

 

De Raymond Becker, deemolege President vum Ökofonds (2002):

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen