Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Awer kee Monument vum russesche Sculpteur Grant Garibyan

Decisioun vum Escher Gemengerot

Awer kee Monument vum russesche Sculpteur Grant Garibyan

Op der Place de l'académie op Esch-Belval hätt een neit Monument sollen opgeriicht ginn, fir un d'Schicksal vu sowjeteschen Zwangsaarbechter am Zweete Weltkrich hei zu Lëtzebuerg ze erënneren. Geplangt war e Konschtwierk vum russesche Sculpteur Grant Garibyan zesumme mat Schüler aus dem Escher Jongelycée.

auto_stories

2 min

D'Gemengegebai zu Esch. Foto: Archiv.

Lauschterenplay_arrow


Elo huet den Escher Gemengerot eestëmmeg decidéiert dëse Projet net ze realiséieren. Dës Entscheedung wier eng Reaktioun op déi russesch Invasioun an den Ugrëffskrich op d'Ukrain, esou d'Erklärung vum Buergermeeschter Georges Mischo.

E puer dausend Bierger aus der fréierer Sowjetunioun waren am Zweete Weltkrich als Deportéierter oder Krichsgefaangener forcéiert ginn, a Lëtzebuerger Stolwierker oder an der Landwirtschaft ze schaffen. Fir un dës Affer vum Nazi-Regime ze erënneren, hätt dat neit Monument sollen opgeriicht ginn.

Dës Iddi war virun dräi Joer beim Besuch vum russesche Premier Dmitri Medwedew am Grand-Duché lancéiert ginn. Méi konkret war et virun engem Joer ginn, esou den Escher Buergermeeschter:

"D'Decisioun war virun engem Joer geholl ginn, zesumme mam Staatsministère. De Staatsministère war op d'Stad Esch zoukomm, fir e Monument hei zu Esch opzeriichten, zum Gedenke vun de Sowjetbierger, déi mat responsabel ware fir d'Befreiung am Zweete Weltkrich vun Nazi-Däitschland."

Et hätt eng Demande vun der russescher Ambassade ginn, méi e visibelt Monument am ëffentleche Raum zu Esch ze kréien, wéi d'Monument um Lallenger Kierfecht, dat et scho gëtt.

"Dat wier elo e falscht Zeechen"

Eestëmmeg huet den Escher Gemengerot elo de virleschte Freideg decidéiert, de Projet fir dat neit Monument net ze realiséieren.

"Dat wier elo dat falscht Zeechen an dofir hu mir eis decidéiert, dat do op Äis ze leeën. Mee vläicht wann de Krich mol erëm eriwwer ass an d'Relatioune mol sech normaliséiert hunn kann een nach eng Kéier doriwwer schwätzen, fir dëst Monument trotzdeem opzeriichten. Well ech mengen déi sowjetesch Bierger, déi entweder als Zwangsaarbechter oder als Zaldoten am Zweete Weltkrich och ganz vill Leed haten, sollen trotzdeem op iergend eng Aart a Weis honoréiert ginn."

Virun der Decisioun, dëse Projet fir de Moment net ze realiséieren, hätt hie mam Xavier Bettel geschwat, seet den CSV-Politiker Georges Mischo. De Premier hätt säin Accord och ginn, fir dat elo mol op Äis ze leeën.

Den Escher Gemengerot huet decidéiert, datt déi 200.000 Euro Budget, déi fir dat neit Monument virgesi waren - an déi am Gemenge-Budget fir dëst Joer stinn - fir déi humanitär Hëllef an der Ukrain an an anere Konfliktregioune soll agesat ginn.