Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bachelor an der Medezin geet 2020 an d'"Testphas"

Uni Lëtzebuerg

Bachelor an der Medezin geet 2020 an d'"Testphas"

D'Uni Lëtzebuerg hofft, datt an e puer Joer kann e Master an der Medezin kann ugebuede ginn, seet den Direkter vun der Medezinausbildung. Am September d'nächst Joer géif e Bachelor an der Medezin ulafen, esou de Gilbert Massard.

auto_stories

1 min

De Gilbert Massard ass Direkter vun der Medezinausbildung

De Gilbert Massard seet, beim Opstelle vun dem neie Cours géif alles no Plang lafen. Esou e Cours wier wichteg, well 44 Prozent vun den Dokteren am Land méi wéi 55 Joer al sinn. "An op der anerer Säit hu mir eng Bevëlkerung, déi dauernd wiisst. An da besteet ëmmer e gewëssen Doute, wéi laang déi auslännesch Unien d'Lëtzebuerger Studenten nach huelen."

Dofir wier et besser, d'Dokteren zu Lëtzebuerg auszebilden an et kéint ee vläicht och verhënneren, datt eng ganz Rei Leit am Ausland bleiwen an net zeréck op Lëtzebuerg kommen, esou de Gilbert Massard.

Eng méi breet Offer

Während enger "Testphas" géife just 25 Studente fir dëse Cours zougelooss ginn. No zwee bis dräi Joer soll dann decidéiert ginn, ob d'Medezinausbildung eventuell fir méi Studenten an ob eventuell och e Master an der Medezin opgebaut gëtt, seet de Gilbert Massard:

"Well et ass am Fong déi Etapp, déi eis feelt. Vue datt dat neit Gesondheetsgesetz eis elo och dräi Sozialisatiounsfächer opmécht. Dat ass d'Médecine General, wat et schonn an der Praxis gëtt, an dann d'Neurologie, an d'Onkologie."