Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Bal e Skandal"

Reform Ofschlossexamen

"Bal e Skandal"

Den OGBL ass net géint d'Reform vum Premièresexamen, mee gesäit e Problem am Zäitpunkt. D'Ännerunge géifen um Réck vun deene Schüler agefouert ginn, déi den Ament op 2ème sinn, sou de Jules Barthel vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL. Datt d'Reform net den Ofschlossexame vum technesche Lycée betrëfft, wier schlëmm.

auto_stories

2 min

Et wier net richteg, datt am nächste Schouljoer d'Premièresschüler ee mëndlechen an ee schrëftlechen Exame manner hätten, während d'Schüler am technesche Lycée zum Deel e gutt Stéck méi Epreuven hunn, fënnt de Jules Barthel vum OGBL-SEW. "Mir hätte léiwer gehat, d'Reform wier eréischt an zwee Joer komm, mee da fir 1ère an 13ème zesummen. Dat ass fir eis scho bal e Skandal, do si mer guer net frou driwwer."

Souwisou kéim déi Ännerung vill méi kuerzfristeg wéi geduecht. "An enger Entrevue mat eis viru knapps zwee Méint sot de Minister nach, d'Reform op der 1ère kéim fréistens an zwee Joer", seet de Jules Barthel.

Reform kënnt ze fréi

Datt d'Reform scho vun der nächster Rentrée u soll gëllen, wier awer net richteg deene Schüler géintiwwer, déi dëst Joer op 2ème sinn. "Mat der Reform solle jo dann och déi schoulesch Leeschtunge vun der 2ème an ausserschoulesch Aktivitéiten zertifiéiert ginn", sou de Gewerkschaftler. "Dat sinn Informatiounen, déi e Schüler um Ufank vum Schouljoer muss wëssen." Fir déi betraffe Schüler, déi am nächste Joer hiren Ofschlossexame schreiwen, wier dat "definitiv" net de Fall.

Allgemeng gesäit den SEW d'Reform awer net just negativ. "Ech géif net behaapten, datt de Premièresexame mat den Ännerunge verwässert gëtt", seet de Jules Barthel. Et wier interessant, datt Fächer, déi e Schüler just op 2ème huet, trotzdem um Diplom zertifiéiert ginn. "Dat ass schonn eng gutt Saach. An deem Sënn gëtt den Diplom vläicht souguer méi komplett."

Bedenke wéinst Delai

D'Gewerkschaft fäert awer, datt Schüler eventuell kéinte gezwonge ginn, sech ze fréi fir oder géint bestëmmte Fächer ze decidéieren. "De Choix, wéi ee Fach e Schüler wëll ewech loossen, ass elo scho vir Ënn Januar, Ufank Februar virgesinn", erkläert de Jules Barthel. Den Ament wier dat, zum Beispill beim Choix vun den Orales-Examen, eréischt kuerz virum Examen.

"Mir hu bedenken, datt Schüler sech wéinst dem fréien Delai falsch decidéieren", sou de Syndikalist. Wann e Schüler am Januar géif de Franséisch-Examen ofwielen, am Summer awer a Frankräich wéilt studéiere goen, hätt en sech eventuell eng Dier zougemaach.

Ganzen Interview mam Jules Barthel, OGBL-SEWplay_arrow