Beim Musel-spezifeschen Trafic ginn et keng Aschränkungen, heescht et vum "Service de la navigation" vu Gréiwemaacher. Mee déi Schëffer, déi iwwert de Rhäin kommen, oder dohinner fueren, kënne wéinst dem niddrege Waasserstand däitlech manner Wueren transportéieren.
"Schëffstransport ass oninteressant ginn"
Um Rhäin däerfe verschidde Schëffer nëmmen nach ronn een Drëttel vun der normaler Charge lueden, well d'Waasser esou niddreg ass. Dat huet een Afloss op d'Wirtschaft, an och op den Hafen zu Mäertert, explizéiert den Erik Odefey. Fir d'Clientë vum Hafe wier de Schëfftransport extrem oninteressant ginn. D'Schëffscapacitéiten um Rhäin wiere rar, esou de Luxport-Direkter. "An dat mécht momentan den Transport-Präis mam Schëff esou onattraktiv, datt mir hei zu Mäertert bal keen Import an Export hunn."
D'Clientë vum Mäerterter Hafe géifen dowéinst de Moment verstäerkt op d'Eisebunn an op de Camions-Transport zréck gräifen. Dat géif de Responsabele vum Hafen d'Liewen net méi einfach maachen, seet den Erik Odefey.
"Well d'Clienten, déi normalerweis mam Schëff fueren, elo op aner Verkéiersmëttel auswäichen. An dat dauert, wann d'Waasser erëm ass, wahrscheinlech erëm e bësse méi laang, datt si dann erëm zréck an den Hafe kommen."
Impakt op d'Musel
Duerch den niddrege Waasserstand um längsten däitsche Floss gëtt et also och een Impakt op d'Musel. Dat géif een zanter August mierken, seet de Michel Schmitz, Chef de Service vum "Service de la navigation" vu Gréiwemaacher."Zënterhier hu mir e staarke Réckgank vum Tonnage." Dat well Schëffer mat enger manner grousser Abladetiefe ukommen.
Wéini d'Situatioun sech kéint verbesseren - also de Peegel vum Rhäin an d'Geschäfter sech normaliséieren - wier ganz schwéier virauszesoen, mengt den Direkter vum Mäerterter Hafen. Fir erëm "eenegermoossen op Peegel" ze komme misst et elo "véier Wochen duerch reenen". Mee "wann d'Waasser erëm do ass, da kann et sinn, datt relativ vill, relativ séier vun eise Clientë kënnt - grad wat den Import ugeet. Zum Beispill Dünger, Salz, Streesalz oder och Sand."
Fir de Moment bleift de Waasser-Stand vum Rhäin op engem Rekord-Déif. Duerch de Reen, dee fir dës Woch ugekënnegt ass, dierft et keng nohalteg Verbesserung vun der Situatioun ginn, hat et Ufank vun der Woch vun Experte geheescht.