Banken- an Assurancesecteur: ALEBA, OGBL an LCGB gesinn Erausfuerderungen

Wéinst der Wirtschaftskris, wéinst der méi strenger Reguléierung a wéinst dem Aféiere vum automateschen Informatiouns-Austausch vun 2015 un, steet de lëtzebuerger Banken- an Assurancësecteur viru groussen Erausfuerderungen a wahrscheinlech viru weideren Entloossungen, esou de Constat vun de Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB de Moien an onser Spezial-Emissioun am Virfeld vun de Sozialwahlen den 13te November.

Fir de President vun der ALEBA de Marc Glesener mussen d’Salariés’en an de Betriber méi intensiv forméiert ginn an et et muss en internen Aarbechtsmarché am Finanzsecteur geschaaft ginn, fir déi Leit opzefänken déi hir Aarbecht op enger Bank verléieren. Fir de Serge Schimoff vum OGBL missten de Staat an d’ADEM d’Leit mat Begleet-Mesuren ënnerstëtzen fir deenen hire know-how z'erhalen. De Vincent Jacquet vum LCGB huet sengersäits un e Modell aus der Stolindustrie erënnert, deen eng besser Gestioun vu Sur-Effectif’en vu Betriber virgesäit, sou wéi Mesuren fir d’Liewens-Konditiounen vun den Aarbechter ze präservéieren.

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/10/4/244287_sozialwahlen-2013.mp3"]

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Generatiounen

Praktesch Infoen

  • 4.6. Generatiounen

    4.6. Generatiounen

    Kiischten a Waasser, Energie am Iessen, de Roger Quaino an d'Operett "Gräfin Mariza"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen