Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Baséiert d'EU-Komissioun sech op feelerhaft Etuden?

Glyphosat

Baséiert d'EU-Komissioun sech op feelerhaft Etuden?

Déi europäesch Agencë fir Liewensmëttelsécherheet a fir chemesch Produite verharmlosen dat kriibserreegend Potential vum Herbizid Glyphosat. Dat seet e Rapport vun der éisträichescher Ëmweltschutzorganisatioun Global 2000. Etuden, ob déi d'Agencë sech baséieren, hätte schwéier wëssenschaftlech Feeler. Glyphosat-kritesch Etudë wieren net consideréiert ginn.

auto_stories

2 min

picture alliance / chromorange

Eng Etude hätt nogewise kriibserreegend Effekter bei Mais net an d'Beuerteelung afléisse gelooss. Tumoren, déi Mais onofhängeg vum Kontakt mat Glyphosat kritt hätten, wieren an dëser Etude als allgemeng representativ duergestallt ginn.

De Geseems- an Herbizid-Produzent Monsanto hätt iwwer eng Consultinggesellschaft selwer Etüden an Optrag ginn, déi dat kriibserreegend Potential vu Glyphosat erofgespillt hätten. Dat seet den Helmut Burtscher, Co-Auteur vum Rapport "Glyphosat und Krebs - Gekaufte Wissenschaft". Zil wier et gewiescht, d'Evaluatioun vu Glyphosat vun der Weltgesondheetsorganisatioun ze diskreditéieren.

"Mir hunn eis dës Aarbechten, a virun allem d'Auteuren ugekuckt. Mir hu festgestallt, datt si quasi alleguer Verbindungen zu Monsanto hunn. Entweder als fréier Mataarbechter vun der amerikanescher Entreprise, oder fréier Beroder. Also net onbedéngt dat, wat ee sech vun onofhängege Wëssenschaftler erwaart."

Verlängerung géint europäescht Reglement

Glyphosat wier bei Mais a Rate ganz kloer kriibserreegend. Dat géif de gréissten Deel vu seriéisen Etüde confirméieren, an dat wier och de Standpunkt vun der Weltgesondheetsorganisatioun.

Enn 2017 mussen d'EU-Memberstaaten definitiv decidéieren, ob Glyphosat weider an der EU däerf benotzt ginn oder net. Eng Verlängerung vun der Autorisatioun géif net bei dat europäescht Reglement iwwer Pestizide passen, seet den Helmut Burtscher. D'Beweislag wier staark. Wann et bei Déiere genuch Beweiser géife ginn, dierft de Wierkstoff net zougelooss ginn.

De 5. Oktober kommen déi 28 EU-Memberstaaten zesumme fir z'entscheeden, ob d'Ré-Homologatioun vu Glyphosat accordéiert gëtt oder net. Wann d'Memberstaate sech dee Moment net sollten eens gi, da kann d'EU-Kommissioun eleng decidéieren. D'Kommissioun misst an dësem Fall kloer am Interêt vun der Gesondheet an dem Precautiounsprinzip entscheeden, seet den Helmut Burtscher.


Lauschtert de Bäitrag vum Chris Zeien vum 29. August 2017:

Etuden iwwer Glyphosatplay_arrow