Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bau-Entreprisë wëlle Personal-Wunnenge bauen

Bausecteur

Bau-Entreprisë wëlle Personal-Wunnenge bauen

De Secteur vun de Bau-Entreprisen ass bereet, engem Deel vu sengem Personal erëm selwer Wunnengen unzebidden. Dat seet de Jean-Marc Kieffer, de President vum Groupement des entrepreneurs de la construction.

auto_stories

2 min

Et géif dorëm goen eppes géint d'Wunnengsnout ze maachen, bei de Mataarbechter, déi een an d'Ausland misst siche goen. Et géif ee sech scho méi laang Gedanken iwwer déi Iddi maachen, well ee Schwieregkeeten hätt fir qualifizéiert Personal anzestellen. Op dem Lëtzebuerger Marché géif een net déi néideg Leit fannen, an dofir misst een "an d'Ausland schöpfe goen". "A mat deene Liewenskäschten, déi et hei am Land gëtt, kënnt Dir Iech virstellen, datt déi Leit hir Schwieregkeeten hunn, wa si dann hei ufänken", sou de Jean-Marc Kieffer.

D'Konzept wier net nei an dofir wier ee bereet, de Leit dat nees unzebidden. Och fir e bëssen Drock vum Marché ze huelen, well vill vun de Leit, déi am Konstruktiounssecteur schaffen, och Cliente vun der SNHBM a vum Fonds du Logement wieren.

Zesummenaarbecht mam Staat a mat de Gemengen

Déi néideg Terraine missten elo um Marché kaaft ginn, well d'Bau-Entreprisë momentan net onbedéngt vill Terrainen zur Verfügung hätten. Fir de Jean-Marc Kieffer ass et eng Piste fir zesumme mam Staat a mat de Gemengen ze analyséieren, ob et méiglech ass fir sech eventuell op alen Industriefrichen nidderzeloossen.

Konkret Zuele vu Gréisstenuerdnung vum Projet fir Wunnraum fir dat eegent Personal ze schafen, hätt de Secteur vun de Bau-Entreprisen nach net, seet de President vum Groupement des entrepreneurs de la construction.

D'Vertrieder vum Bau-Secteur hate schonn eng Entrevue mat der Logementsministerin an et hätt eng ganz positiv Reaktioun ginn, sou de President vun der Bau-Entreprise CDCL. Eng finanziell staatlech Ënnerstëtzung bei dësem Projet wier wichteg fir sou séier wéi méiglech kënnen unzefänke Wunnraum ze schafen a fir dem Personal en zu ganz soziale Präisser unzebidden, esou de Jean-Marc Kieffer.