Radioen

On air

De Moien  |  Roger Spautz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauerenallianz fuerdert Agrarsommet

Wéinst groussen Abousse bei der Recolte

Bauerenallianz fuerdert Agrarsommet

D'Landwirtschaft hätt enorm gelidden un der Dréchent an un de Konsequenze vum Krich an der Ukrain, schreift d'Bauerenallianz an engem Communiqué. Si huet d'Regierung dréngend gefrot, am Hierscht en Agrarsommet anzeberuffen.

auto_stories

2 min

Zanter dem Fréijoer hätt et net méi vill gereent. Quasi all d'Kulturen hätten dowéinst staark gelidden an et géif bedeitend Ausfäll gi bei der Recolte. D'Gras wär net méi nogewuess, dofir wär dëst Joer kee Schnëtt méi méiglech. An de Mais wier elo op ville Felder verdréchent, sou d'Bauerenallianz. Vill Bauere géifen dowéinst am Wanter Enkpäss beim Fudder kréien. A well d'Wieder an der Groussregioun änlech war ewéi hei, wier et och schwéier, Fudder bäi ze kafen.

Iwwer d'Ausriichtung vun der Landwirtschaft diskutéieren

Zum Krich an der Ukrain schreift d'Bauerenallianz: Och d'Agrarmäert wiere komplett aus der Bunn geroden. Et wier onverständlech an onverantwortlech, datt westlech Politiker därmoosse staark an d'Ofhängegkeet vu russescher Energie gerode sinn.

Um Agrarsommet, deen d'Bauerenallianz fuerdert, misst och iwwert déi allgemeng Ausriichtung vun der Landwirtschaft diskutéiert ginn, heescht et nach. Den Ament géif hannert de Kulissen definéiert gi wat d'Landwirtschaft an Zukunft nach produzéiere soll oder däerf.

Weider Theemen: Nitrater, Ammoniak-Emissiounen an Importer

D'Bauerenallianz freet an deem Kontext ënnert anerem, wéi déi nei Reegelen iwwert den Asaz vun Nitrater an der Praxis wäerten ausgesinn; wéi d'Ziler vun den Ammoniak-Emissiounen an der Landwirtschaft wäerte festgeluecht ginn; a wéi Importer vu Liewensmëttel aus der EU an aus dem Rescht vun der Welt, och wat d'CO2 Emissiounen ugeet, wäerte bewäert ginn.