Dat gesäit de Marc Fisch kritesch. Wann een op 100 Prozent Bio géif erop goen, wier d'Wirtschaftlechkeet vun engem Bauerebetrib net méi ze garantéieren. Laangfristeg sollen all d'Betriber op Bio ëmstellen. Réng aus engem Ëmweltschutz-Gedanke wier dem Marc Fisch no esou eng Ëmstellung awer "ëmmer richteg".
Et misst een d'Realitéit an d'A kucken, d'wirtschaftlech Situatioun analyséieren a realiséieren, wéi héich de Liewensstandard zu Lëtzebuerg ass. "An dofir ass et mengen ech och fir d'Landwirtschaft eigentlech bal ausser Fro fir an esou eng Richtung kënnen ze goen", sou de Marc Fisch.
Bauere gesinn Nobesserungsbedard bäi Wiseversécherungen
Déi aktuell héich Temperature si "problematesch" fir d'Baueren, seet de President vun der Bauerenzentral. Fir d'Mais-Recolte géif et den Ament net gutt ausgesinn, sou de Marc Fisch. Datt d'Bauere sougenannt Ertragsausfall-Versécherunge kënnen ofschléisse wier ee gudden Usaz. D'Versécherunge ginn zu 65 Prozent vum Staat iwwerholl. Ënner anerem bei de Versécherunge fir Wise misst senger Meenung no awer nach nogebessert ginn.
Hie geet dovun aus, datt déi nächst Joren ëmmer méi extrem Wiedersituatioune wäerte virkommen, dofir wier et wichteg, datt d'Akommes vun de Baueren "a gewësse Mossen" ofgeséchert wier.