Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Say Laura

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bausecteur: OGBL fir Schnelltester amplaz Covid-Check

CovidCheck op der Aarbechtsplaz

Bausecteur: OGBL fir Schnelltester amplaz Covid-Check

De CovidCheck-System wier um Bau nëmme ganz schwéier ëmsetzen, seet den OGBL-Zentralsekretär fir de Secteur, Jean-Luc de Matteis am 100,7-Interview. De Gewerkschaftler ass rosen, well elo vill Froe géifen opstoen, déi een am Virfeld mat de Regierung hätt kënne klären. D'Spezifizitéite vum Secteur géifen net gutt mam neie System zesummepassen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / KYNA STUDIO

Lauschterenplay_arrow


Scho reng logistesch gesinn ënnerscheet d'Schaffen an der Constructioun sech staark vun zum Beispill engem Bürosjob, erkläert de Jean-Luc de Matteis.

"Et muss ee wëssen, datt vill vun de Salariéen aus dem Bau hir Zentral ni gesinn, si ginn doheem ofgeholl, fuere mar der Camionnette op de Chantier beim Privatclient an dat wier immens komplizéiert fir iwwerhaapt esou een Check maachen ze kënnen."

Dobäi komme Reparaturen, a soss punktuell Interventiounen déi nei op engem Laangzäitchantier sinn. Hei wier nach ganz villes ongekläert, sou den OGBL-Gewerkschaftler. Et wier zum Beispill net gewosst, wat ee Salarié ouni valabele CovidCheck soll maachen, deen an e Gebai era muss, dat ënner dem CovidCheck-Regimm funktionéiert.

Schnelltester als Alternativ

Alles Froen, déi virum Vott vum Gesetz hätte misste beäntwert ginn, betount de Jean-Luc de Matteis. Hie geet dovun aus, datt just wéineg Betriber am Bau-Secteur de CovidCheck wäerten ëmsetzen. Bei de Salariéë géif e souwisou net op vill Géigeléift stoussen: Test-Certificate fir Net-Geimpfter géife séier 400-500 Euro de Mount kaschten, dat wier vill an engem Secteur wou d'Léin net héich sinn.

D'Alternativ zum CovidCheck gesäit de Jean-Luc de Matteis notamment an de Schnelltester.

Un Bau wiere sengen Informatiounen no net manner Leit geimpft wéi an anere Secteuren, sou nach de Gewerkschaftler. Fir den Taux eropzesetzen, sollt een ee méi op Sensibiliséierung a Bekämpfe vu Fake News setzen - eppes wat den OGBL och elo verstäerkt wéilt maachen.