Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tiny Ruins - Dogs Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bedaueren, mee keng nei Offeren

Brexit-Vott zu London

Bedaueren, mee keng nei Offeren

Dat britescht Parlament huet also ganz däitlech Nee zu deem Brexit-Accord gesot, deen tëschent Bréissel a London ausgehandelt gouf. Wéi gouf zu Bréissel op dëse Vott reagéiert?

auto_stories

2 min

D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Archiv / Elke Weber.

Iwwer dee Vott gouf nach gëschter Owend als alleréischt ee grousst Bedaueren ausgedréckt. Zum Beispill vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Hien huet an engem Statement nach eng Kéier betount, wéi wichteg a richteg dee Brexit-Deal ass, deen ee mat vill Méi an Asaz mat London zwee Joer laang verhandelt huet.

"Mir hu Kreativitéit a Flexibilitéit iwwer dee ganze Prozess gewisen, och andeems mir weider Clarifikatiounen offréiert hunn", sou de Jean-Claude Juncker. Hien huet Groussbritannien opgeruff, sou séier wéi méiglech ze klären, wat d'Land elo ze maache gedenkt.

London ass um Zuch

Am Europaparlament koum direkt nom Vott de Brexit-Steering group zesumme mam Chef-Negociateur Michel Barnier. "Groussbritannie soll eis soen, wat déi nächst Schrëtt sinn. Mir, d'EU, si weider determinéiert, een Accord ze fannen", sou de Michel Barnier.

De Ball ass am Camps vu Groussbritannien, dat ass de klore Message, dee vu Bréissel op London geschéckt gëtt. Bis elo gëtt et keng konkret Unzeechen dofir, datt d'EU prett ass, Groussbritannien an iergend enger Form entgéintzekommen.

Et gëtt verschidden Zeenarien, wéi Neiwahlen oder ee Verleeë vum Brexit-Datum. Wat seet d'EU dozou?


Reaktiounen zum Vott am britesche Parlament:

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.