Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Behandlungsfräiheet vun Dokteren a Fro gestallt"

Tiers Payant

"Behandlungsfräiheet vun Dokteren a Fro gestallt"

Haut gëtt an der Chamber iwwert d'Verallgemengerung vum sougenannten Tiers payant System diskutéiert. D'Petitioun 922 fuerdert dës Verallgemengerung an hat bannent kuerzer Zäit genuch Ënnerschrëfte gesammelt, fir datt d'Petitionärin Jill Sterba der Chamber hire Plädoyer ka virdroen. Duerch den Tiers payant System muss de Patient nëmmen deen Deel selwer bezuelen, deen hien net vun der Gesondheetskeess rembourséiert kritt. Deen Ament géif den Dokter an net de Patient d'Käschte vun der Behandlung virstrecken a sech duerno rembourséiere loossen.

auto_stories

3 min

Foto: bigstock / bangkoker

De Minister vun der Securité sociale Romain Schneider begréisst den Debat an der Chamber. D'Doktesch an Zänndoktesch Associatioun AMMD ass awer géint dëse System an huet d'lescht Woch eng Campagne lancéiert an där si d'Patienten iwwert d'Risiken informéiert, déi si bei dëser Ännerung gesäit. Ëmmer erëm kennt et am Gesondheetssecteur zu Diskussioune ronderëm den Tiers payant System. Et gëtt en ewell bei de Kinéen, an den Apdikten an an de Spideeler a finanziell benodeelegt Persoune kennen och den Tiers payant social ufroen.

"Net direkt vun Null op 100"

De Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider begréisst, datt haut an der Chamber iwwert d'Verallgemengerung vum Tiers payant diskutéiert gëtt. Et wier wichteg, datt d'Gesondheetskeess an d'Dokteschassociatioun zesumme schwätzen, wéi een esou eppes kéint ëmsetzen. Et misst een et jo net "vun Null op 100 direkt ëmsetzen", et géife jo och Etappen dertëschent ginn.

De President an d'Salariatsvertrieder vun der CNS hunn a Reaktiounen op d'Petitioun 922 gesot, datt si bereet wieren eng Verallgemengerung vum Tiers payant auszeschaffen. D'Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD ass awer géint dëse System an huet d'lescht Woch eng Campagne lancéiert an där si d'Patienten iwwert d'Risiken informéiert, déi si bei dëser Ännerung gesäit.

D'Behandlungsfräiheet vun den Doktere géif doduerch a Fro gestallt ginn, esou de President vun der AMMD Alain Schmit. Déi Leeschtungen, déi sënnvoll sinn, misste rembourséiert ginn. Am Dialog vum Tiers payant généralisé wier d'Diskussioun ëm dës Fräiheet awer scho gestuerwen.

Schneider kann d'Suerg vun der AMMD net novollzéien

De Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider kann déi Suerg net novollzéien. D'Verallgemengerung vum Tiers payant hätt keen direkten Afloss dorop, wéi eng Leeschtunge rembourséiert géife ginn. Och de President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri léisst d'Argumentatioun vun der Doktesch an Zänndoktesch Associatioun net gëllen. Duerch d'Verallgemengerung vum Tiers payant wier et fir d'Patiente méi einfach ginn nozevollzéien, wéi eng Zousatzleeschtunge si aus eegener Täsch bezuele missten, an dat wéilten d'Dokteren net. D'Patientevertriedung wier fir en allgemengen Tiers payant System.

Wann een den Tiers payant géif generaliséieren, da géif dat och eng grouss Vereinfachung an de Verwaltunge vun der Sécurité sociale mat sech bréngen. Dës Kräften, déi do fräikommen, kéint een dann och gebrauche fir eng besser Behandlung vun de Leit selwer. En allgemengen Tiers payant System géif och deene Leit entgéintkommen, déi Schwieregkeeten hunn d'Sue beim Dokter virzestrecken, esou de René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung.


Lauschterenplay_arrow