Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Verhandlungen, wéi London se gesäit

Brexit

D'Verhandlungen, wéi London se gesäit

Et wier falsch ze mengen, datt d'Brexit-Verhandlunge mat der EU net weiderkommen, seet de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. An deene meeschte Froen, déi bis elo diskutéiert gi sinn, wiere "gutt Fortschrëtter" gemaach ginn, seet den John Marshall.

auto_stories

2 min

Bäitrag iwwert de briteschen Ambassadeurplay_arrow

Den EU-Chefnegociateur Michel Barnier hat d'lescht Woch no der drëtter Verhandlungsronn gesot, datt et bei den Haaptsujete keng decisiv Fortschrëtter gi wieren. Déi britesch Regierung wëll sou séier wéi méiglech iwwert een zukünftegen Handels-Accord mat der Europäescher Unioun diskutéieren.

Allerdéngs fuerdert d'EU dofir genuch Fortschrëtter bei den eigentlechen Austrëttsverhandlungen. Do geet et em Froe wéi d'Rechter vun EU-Bierger respektiv der Kompetenz vum EU-Geriichtshaff, der Grenz tëschent der Republik Irland (een EU-Member) an Nordirland (eng britesch Provënz) a virun allem der finanzieller Enveloppe, déi Groussbritannien fir fréier Engagementer muss bezuelen.

Fir Duerchbroch bei de Suen nach ze fréi

"Bis elo goufen et gutt Fortschrëtter bei den Diskussiounen iwwer d'Rechter vun de Bierger. Vill Saache goufen nach net gekläert, mee d'Diskussioune wäerte weidergoen.", seet de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg John Marshall.

Wat déi finanziell Enveloppe betrëfft, déi London muss begläichen - dee kriddelegste Punkt - hätt ee sech souwisou keen Duerchbroch erwaart. Et wier éischter Geleeënheet gewiescht fir déi respektiv Positioune besser ze verstoen, sou den John Marshall.

Zwou weider Diskussiouns-Ronne gëtt et dëse Mount an am Oktober. Am Oktober ass dann och e Sommet vun den EU-Staats- a Regierungschefen. Fir déi britesch Regierung ee wichtege Rendez-vous. Den John Marshall hofft, datt ee bei de Verhandlungen da wäit genuch komm ass, fir datt déi 27 Memberstaate bereet sinn déi zweet Phase vun den Negociatiounen ze lancéieren. Do géif et ëm dat "déifgräifend a speziellt Partenariat" mat der EU goen, dat London ustrieft. Dat heescht virun allem een neien Handels-Accord.

Restriktiv Immigratioun? "Kee Kommentar"

Eng vun den Haaptsuerge vu britesche Bierger zu Lëtzebuerg wier d'Unerkennung vu beruffleche Kompetenzen an déi fräi Zirkulatioun. Ee Problem, dee beispillsweis Affekoten oder Leit aus dem Déngschtleeschtungssecteur géif betreffen. D'Offer vun der EU-Kommissioun géif bis elo keng grenziwwerschreidend Existenz virgesinn, seet den John Marshall. "Fir zum Beispill zu Lëtzebuerg ze liewen an an anere Memberlänner ze schaffen."

De vertrauleche Pabeier iwwert déi britesch Virstellungen a Saachen Immigratioun, deen déi britesch Press viru kuerzem verëffentlecht huet, wollt den Ambassadeur John Marshall net kommentéieren. Aus deem Dokument geet ervir, datt London direkt nom EU-Austrëtt méi restriktiv Konditioune fir méi schlecht ausgebilten Immigranten aus EU-Memberstaate wéilt duerchsetzen.