Radioen

On air

Notturno  |  Dorian Concept - Let It All Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belaascht de Cannabis-Konsum eis Gesondheetssystemer?

Drogepolitik

Belaascht de Cannabis-Konsum eis Gesondheetssystemer?

De Konsum vu Cannabis belaascht eis Gesondheetssystemer, dat huet den UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung Ufanks der Woch an engem Rapport ënnerstrach. Ronn 30 Prozent vun den Drogentherapien an der EU wieren aktuell op de Cannabis-Konsum zeréckzeféieren. Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / cendeced (Archiv)

D'Consommatioun vu Cannabis sollt ee weder verdäiwelen nach banaliséieren, mengt de Carlos Paulos vu "Pipapo", enger Initiativ, déi Jonker iwwer de Konsum vun Drogen opkläert.

D'Angscht viru Cannabis misst een natierlech seriö huelen, "et ass eng Drog wéi all déi aner och", seet de Responsabele vu "Pipapo". Cannabis géif awer consomméiert ginn an d'Leit géifen eng Legaliséierung revendiquéieren.

De Carlos Paulos begréisst et deemno, datt Cannabis fir den eegene Bedarf legaliséiert gëtt - dat wier ee Schrëtt an déi richteg Richtung.

Et géif drëm goen Tabuen ze briechen amplaz ewechzekucken. Dat sollt dann och mat enger gewësser Koherenz geschéien, betount de Carlos Paulos:

"Am Moment ass et verbueden, et kann ee geklaakt ginn, wann een erwëscht gëtt. Heiansdo gëtt awer mol een Aen zougedréckt, wat jo och gutt ass, wann ee Versteesdemech do ass, mee dat ass awer keng Garantie. All déi Inkoherenzen, déi maachen déi pedagogesch an erzéieresch Aarbecht ebe méi schwéier."

Cannabis gëtt vill gemëscht

De Carlos Paulos mengt net, datt et een direkte Lien tëscht dem Cannabis-Konsum an enger zousätzlecher Belaaschtung vun eise Gesondheetssystemer gëtt. Hei géife méi Faktore matspillen, ewéi zum Beispill d'Frequenz vum Konsum.

Wichteg wier een Aen op d'Qualitéit vum Cannabis ze halen: déi lescht zwee Joer hätt ee festgestallt, datt Cannabis mat engem erhéichten THC-Taux um Marché opgedaucht wier, deen och mat syntheetesche Cannabinoide gemëscht ginn ass.

"D'Konsumente wëssen dat net, si kréien dat als normalen THC-Cannabis verkaaft. An den erhéichte Risiko ass, datt d'Potentialitéit vun dëse Molekülle ganz anescht ass ewéi den natierleche Cannabis."

Duerch dës Inconnu wéisst en net genee, wéi een et doséiere soll. Dat géif da séier zu onerwënschten Niewewierkunge wéi Iwwerdosissen a Malaise bei de Konsumente féieren.

(Ze) staark Doséierunge vun THC

Nieft de syntheetesche Cannabinoide géif sech och eng ëmmer méi héich Konzentratioun vum Haaptwierkstoff Tetrahydrocannabinol bemierkbar maachen duerch Iwwerziichtungen a Kräizunge fir den THC-Gehalt bewosst eropzedrécken.

Dat kéint ee mat enger klorer Reglementatioun evitéieren, seet de Carlos Paulos vu Pipapo.

De leschten Zuele vum UN-Büro fir Drogen- a Kriminalitéitsbekämpfung no hätte bal 4 Prozent vun der Weltbevëlkerung am Alter vu 15-64 Joer am Joer 2019 op d'mannst eemol Cannabis consomméiert. Dat sinn ongeféier 200 Millioune Mënschen.

Cannabis ass domat nach ëmmer déi Drog déi weltwäit am meeschte consomméiert gëtt.