Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch: D'Maske falen den 1. Oktober

Belsch

Belsch: D'Maske falen den 1. Oktober

De Comité de Concertatioun huet dëse Freideg decidéiert, d'Maskeplicht den 1. Oktober opzehiewen, an d'Nuetsliewen erëm opzemaachen. Mesuren, déi kuerz virum Hierscht net onbedéngt op Unanimitéit bei den Experte stoussen. Allerdéngs bleiwen d'Moossnamen zu Bréissel wéinst dem méi schwaachen Impftaux nach bestoen.

auto_stories

2 min

D'Maske falen den 1. Oktober an der Belsch... Dëse Freideg hunn du Belsch Regierungen decidéiert, d'Maskeflicht den 1. Oktober opzehiewen, an d'Nuetsliewen erëm opzemaachen. Mesuren, déi kuerz virum Hierscht net onbedéngt op Unanimitéit bei den Experte stoussen. Allerdéngs bleiwen d'Moossnamen zu Bréissel wéinst dem méi schwaachen Impftaux nach bestoen.

Dëse Freideg war et am Prinzip de leschte Comité de Concertation ronderëm de Coronavirus. De Codeco ass effektiv e federaalt Organ, a mat de rezenten Ënnerscheeder am Impftaux tëschent de Regiounen stellt déi federal Regierung just nach e generelle sanitäre Kader, deen déi verschidde Regiounen duerno kënnen verschäerfen, awer net méi labber maachen.

De Belsche Premierminister Alexander de Croo huet dann och an der Pressekonferenz nom Codeco eng Rei Mesuren annoncéiert, wéi zum Beispill d'Maskeflicht.

Nuetsliewe mat Certificat

Eng aner Nouvelle, déi an der Pressekonferenz nom Comité de Concertation confirméiert gouf, ass de Retour vum Nuetsliewen, no iwwer 18 Méint. Dat awer nëmme mat engem Certificat, mat deem een eng Impfung, e rezenten negativen Test, oder eng Heelung vum Covid ka beweisen.

Mee och wa global den 1. Oktober d'Maskeflicht soll ofgeschaaft ginn, sou wäert dat zu Bréissel net de Fall sinn, a warscheinlech an der Wallonie fir de Moment och nach net. Och dorops huet de belsche Premier higewisen.

En Alarmsignal, dat hei de Premierminister zitt. Engersäits gëtt zu Bréissel Ufanks Oktober de Covid-Certificat an de Restauranten a Caféen agefouert, fir Gäscht a Personal. An anerersäits bleift d'Maskeflicht iwwerall anerwäerts bestoen.

Impftaux zu Bréissel nach niddereg

Effektiv ass den Impftaux an der belscher Haaptstad nach vill ze niddreg, nëmme ronn 65 Prozent vun den Erwuessenen - en Echec fir d'Gesondheetsautoritéiten, déi nach massiv Efforten virum Wanter mussen duerchféieren, fir den Taux eropzekréien.

De belsche Premierminister huet duerfir probéiert, um Enn vu senger Pressekonferenz déi net geimpfte Leit ze responsabiliséieren.

Déi sanitär Mesuren déi den 1. Oktober opgehuewe ginn, maachen net d'Unanimitéit bei den Experten. Speziell kuerz virum Hierscht wier d'Ophiewe vun der Maskepflicht e Risiko. Virun engem Joer waren änlech Mesuren d'Ursaach vun der zweeter Infektiounswell. Mee deemools gouf et nach keen Impfstoff.