Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Benelux-Länner maachen Appell un EU-Kommissioun

ETAT DE DROIT

Benelux-Länner maachen Appell un EU-Kommissioun

Verschidde Mënscherechtsorganisatioune maachen Drock, datt d'Länner méi seriö musse géint déi Verstéiss virgoen. Den Handlungsspillraum ass limitéiert, mee d'Länner géife net all hir Moyenen ausnotzen, sou de Reproche. Och d'Benelux-Länner pochen drop, datt verschidde Rechter an der EU net negociabel sinn.

auto_stories

3 min

D'Deklaratioun vun de Benelux-Länner bezitt sech speziell ob d'Rechter vun LGBTIQ-Persounen. Ungarn hat déi lescht Woch ee Gesetz gestëmmt, wat de Verbuet vu Bicher, Filmer oder anere Contenuen virgesäit, déi disponibel fir Kanner a Jugendlecher sinn an déi eng Sexualitéit duerstellen, déi net heterosexuell ass. Et soll och all Form vu Publicitéit verbuede ginn, an deenen Homosexuell oder transsexuell Persounen als Deel vun der Normalitéit virkommen.

Reaktioun vun EU-Länner léisst op sech waarden

An hirer Deklaratioun maachen d'Benelux-Länner een Appell un d'Europäesch Kommissioun, all Moyenen auszenotzen, fir dofir ze suergen, datt den Etat de Droit an der EU respektéiert gëtt. Déi verschidde Gesetzes-Ännerungen géifen eng Diskriminatioun duerstellen an och géint d'Meenungsfräiheet verstoussen.

Vill ONGen a ganz Europa, mee och Politiker hunn dëst Gesetz als net konform mat EU-Rechter bezeechent. Dat sech elo déi zoustänneg EU-Ministeren nees mat der Situatioun en vue vum Rechtsstaat an Ungarn an a Polen beschäftegen ass iwwerfälleg, heescht et an engem Communiqué vu verschiddenen Organisatiounen - dorënner Amnesty International an Human Rights Watch.

Et géif héich Zäit datt d'Regierungen aus béide Länner Verantwortung iwwerhuelen, seet den Philippe Dam vu Human Rights Watch. D'Situatioun géif sech verschlechteren, mee déi aner Memberlänner hätten an de leschte Méint net vill ënnerholl, fir dorop ze reagéieren.

Déi sougenannten Artikel 7 Prozedur ass schwéierfälleg, si gesäit zwar um Enn Sanktioune fir, awer just, wann d'Memberlänner dat eestëmmeg decidéieren.

Kloer Froen stellen

Am Laf vun der Prozedur sinn Auditiounen mat de betraffene Länner virgesinn. Där Rendezvousen goufen et der schonn eng Partie - ouni Konsequenzen. Trotzdeem wier dat ee wichtegen Exercice seet de Philippe Dam. Et géif am Kader vun der Prozedur eng Partie Méiglechkeeten fir déi aner Länner, ee klore politesche Message ze schécken an den Drock ze erhéijen.

Dat gesäit och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn esou.

"Mir mussen dee Mechanismus vum Artikel 7 oprechterhalen. Menger Meenung no kënnt et am Joer 2022 och eng Kéier zu engem Vott, an da muss kloer bekannt ginn: Wee steet nach dozou a wee steet net dozou. Do gëtt et Méiglechkeeten fir ze weisen, wee kloer op der Schinn ass."

Bei deene leschten Hearingen, déi net ëffentlech sinn, blouf et meeschtens bei allgemenge Remarquen. Et wier wichteg, datt hei méiglechst konkret Froe gestallt ginn, sou d'ONGen an hirem Communiqué.

Säin éischte Message wier "datt mer virun allem drop pochen, datt d'Decisioune vun der Cours de Justice respektéiert an och ëmgesat ginn", sou de Jean Asselborn.

Asselborn: "De Problem ass de Conseil"

Och Däitschland a Frankräich hu wëlles zesummen ee Statement ofzeginn. Alles dat wäert awer keng direkt Konsequenze hunn. Dees ass sech den Ausseminister bewosst. D'EU-Länner am Conseil an d'Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Conseil sinn déi, déi normalerweis bremsen.

"De Problem ass de Conseil, an de Conseil Européen nach vill méi. Hei ginn Decisioune geholl, déi den Interêt vun de Länner an net dee vun der EU verdeedegen."

Fir ee Schratt no vir ze kommen, wier et och wichteg, datt d'EU elo och de Mechanismus applizéiert, deen am Zesummenhank mam EU-Budget agefouert gouf.

Dee gesäit Sanktioune vir, fir Länner déi EU-Suen ausginn a gläichzäiteg EU-Prinzippie net anhalen. Och do gëtt awer bis elo net op de Gas gedréckt, fir en unzewennen. Déi éischt Fäll kéinten am Hierscht traitéiert ginn, hat d'Europäesch Kommissioun déi lescht Woch an Aussiicht gestallt.