Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Benelux-Sommet zu Buerglënster

Nopeschlänner

Benelux-Sommet zu Buerglënster

Benelux-Sommet gëscht zu Buerglënster - e Sommet mat fënnef Hären: de Lëtzebuerger Premier hat nämlech net just seng zwee Kollegen aus der Belsch an aus Holland, mee och de Ministerpresident aus dem däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen an de President vun der franséischer Regioun Grand Est invitéiert an d'Buerg invitéiert.

auto_stories

3 min

De Benelux-Sommet zu Buerglënster war ee Sommet mat fënnef Männer: de Lëtzebuerger Premier hat nämlech net just seng zwee Kolleegen aus der Belsch an aus Holland invitéiert, mee och de Ministerpresident aus dem däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen an de President vun der franséischer Regioun Grand Est an d'Buerg invitéiert.

Deen eenzegen, dee mam Fliger op de Benelux-Sommet koum, hat Retard: den hollännesche Premier Mark Rutte. Seng Maschinn hat anscheinend e Platten. Hien ass dunn zwou Stonn méi spéit gelant wéi geplangt - dat huet der gudder Laun awer keen Ofbroch gedoen, weder bei him, nach bei deenen aneren.

Solidaritéit mat den Noperen

A beschter Stëmmung si Bettel, Rutte an De Croo mat hire Gäscht Hendrik Wüst a Jean Rottner also virun d'Press getrueden. An do hunn déi fënnef hir gutt Noperschaft zelebréiert. A sengem Ufanks-Statement huet de Lëtzebuerger Premier direkt ënnerstrach, wéi wichteg et wier fir Noperen ze hunn, mat deenen ee gutt schaffe kann, an datt et wichteg wier fir Solidaritéit mat sengen Noperen ze hunn.

An der Covid-Pandemie gouf et dës Solidaritéit tëschent dem Grand Est a Lëtzebuerg, mee och tëschent Holland a sengem däitschen Noper Nordrhein-Westfalen: an der akuter Phas vun der Kris goufen hei 150 hollännesch Intensivpatiente behandelt.

Dee Prinzip, dee bei Covid wouer war, soll sech elo och bei de multipellen anere Krise bewären, mat deenen Europa grad konfrontéiert ass. Migratioun ass do genannt ginn - net vu jiddwerengem, mee virun allem vum hollännesche Premier - d'Energie dann, déi hat par conter jiddwereen um Ziedel stoen.

USA: eng Konkurrenz

An - an dat Stéchwuert koum vläicht e wéineg méi onerwaart an deem Kontext: Industriepolitik. Mam Bléck iwwer den Atlantik, seet de Jean Rottner, President vum franséische Grand Est.

"Il y a aujourd'hui une forme de concurrence americaine qu'on ne peut pas nier, avec le plan Biden, avec de coûts d'énergie nettement moindres. Et des entreprises, de gros industriels, qui avaient prévu de s'implanter chez nous, et qui aujourd'hui ne regardent que les Etats-Unis."

Eng Uspillung op den amerikaneschen Inflation reduction act, engem 430 Milliarden Dollar schwéiere Pak iwwer zéng Joer, an deem d'Europäer eng deloyal Konkurrenz gesinn, virun där Europa awer net kapituléiere sollt, sou unisono d'Meenung vun deene fënnef gëscht.

Et sollt ee sech ënnereneen net als Konkurrent betruechten, mee op Complementaritéit setzen, a virun allem net mat protektionisteschen Äntwerte reagéieren, wéi de belsche Premier Alexander de Croo gemengt huet:

"Ce serait une bêtise de dire que c'est la fin de la globalisation. On a tout à gagner à rester ouvert au reste du monde, mais pas d'une manière naïve. Dans le passé, l'Europe a parfois été un peu naïve. Et je pense qu'on est en train de perdre cette naïveté. Et c'est plutôt une bonne chose. Il y a plein d'industrie qui sont géopolitiques, et on doit les gérer de manière plus géopolitique. Mais ça ne veut pas dire que nous devons nous fermer par rapport au reste du monde."

Fäerdeg Léisunge goufe keng presentéiert gëschter Owend, mee - wéi sot Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen: dat wär net sou schlëmm. Et wier wichteg, datt ee sech Gedanke mécht a weider un dëse Projete géif schaffen. "Vor dem Können kommt das Wollen, und wir wollen", sou den Hendrick Wüst, an et huet keen him widdersprach.