Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Vata Pitta

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berechtegt Kritik oder PR?

Atelier a Rockhal

Berechtegt Kritik oder PR?

D'Rockhal respektéiert net d'Traditioun an de géigesäitege Respekt tëschent Concerts-Organisateuren zu Lëtzebuerg. Sou kritiséiert den Atelier den Etablissement Public. Hannergrond ass en Open-Air Concert vum Sting, deen d'Rockhal organiséiert. Dee selwechten Dag organiséiert den Atelier de Siren's Call Festival am Gronn.

auto_stories

3 min

Laurent Loschetter an Olivier Toth (Montage aus Archiv-Biller)

Den 30. Juni ass de Siren's Call Festival am Gronn. Tête d'Affiche ass déi amerikanesch Band MGMT. Dëse Mëttwoch de Moien huet d'Rockhal fir dee selwechten Dag e Concert vum britesche Sänger Sting virun den Héichiewen um Belval annoncéiert. Um Site, dee sech iwwert de Parvis vun der Rockhal zitt, solle bis zu 9.000 Spectateure Plaz fannen.

An engem zynesche Communiqué felicitéiert den Atelier der Rockhal an hirem Conseil fir dee Choix a mécht op säi Festival opmierksam. Et géif ënnert Concertsorganisateuren eng Traditioun vu géigesäitegem Respekt ginn, heescht et am Schreiwes. "Mir hunn elo festgestallt, datt den Etablissement public Rockhal mat deene Staatssuen, déi si kréien, engem private Promoteur, Live Nation, de Virrang loossen op déi Traditioun", seet de Laurent Loschetter vum Atelier. Dat hätt een e "bësse witzeg a bëssen traureg gläichzäiteg fonnt."

Zilpublikum oder net?

De Rockhal-Direkter Olivier Toth gesäit keng direkt Konkurrenz tëschent deenen zwou Manifestatiounen. De Sting géif en anere Public cibléieren. De Laurent Loschetter vum Atelier widdersprécht, d'Zilclientèle vum Siren's Call géif bis 45 Joer goen. An der Kategorie vu 35 bis 45 Joer wier een a Konkurrenz mam Sting.

Hie géif sech gutt Wieder fir déi zwou Manifestatioune wënschen, an datt déi zwee Organisateure Sold out missten affichéieren, seet den Olivier Toth. "An da wäerte mir eis duerno net méi géigesäiteg doriwwer mussen iergeren." Et géif ëmmer gesot ginn, datt d'Privatwirtschaft aggressiv un de Maart géif erugoen, seet de Laurent Loschetter. Elo wier et en Etablissement mat ëffentleche Gelder a mat Hëllef vun engem auslännesche Promoteur, dat "un d'Kulturzeen geet."

Ugeschwat op de Concert vun der amerikanescher Pop-Sängerin Anastasia, deen den Atelier dee selwechten Dag wéi den Out Of The Crowd-Festival organiséiert, seet de Laurent Loschetter, datt dat mat der Kulturfabrik ofgeschwat gi wier. "An do ass gesot ginn, datt d'Anastacia an den Out Of The Crowd wierklech net a Konkurrenz sinn."

Konkurrenz belieft d'Geschäft

Déi grouss Offer u Concerten a Manifestatiounen, déi haut zu Lëtzebuerg existéiert, wier nëmmen duerch de kollektiven Effort vun deene verschiddenen Acteure méiglech ginn, seet den Olivier Toth. "Natierlech ass dee Wee net gemaacht ginn, andeems ni een deem aneren op d'Féiss getrëppelt ass." Dat géif bei all Geschäft dozou gehéieren. D'Rockhal hätt ëmmer probéiert, déi aner Acteuren ze respektéieren.

"Mir sinn immens Karma-orientéiert", seet de Laurent Loschetter. "Mir wäerten net eis Philosophie änneren, just well een Aneren dat gemaacht huet." Den Atelier wéilt och an Zukunft Manifestatioune wéi de Rock um Knuedler oder och de Sonic Visions, dee vun der Rockhal organiséiert gëtt, respektéieren.

Dem Ateiler ass et mat sengem Communiqué gelongen, datt um Dag vun der Annonce vum Sting-Concert, vill vum Siren's Call an de Medie geschwat gouf.

De Laurent Loschetter ass och President vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.

Atelier a Rockhalplay_arrow