Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mini Trees - Shapeshifter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berliner Mietendeckel géint den Immobiliewansinn

Däitschland

Berliner Mietendeckel géint den Immobiliewansinn

E Méindeg geet de Berliner Mietendeckel a seng zweet Phas: vun do u si Loyeren, déi iwwer engem gewëssen Grenzwäert leien, verbueden. D'Gesetz ass e radikalen an eenzegaartege Versuch, den Immobiliemaart ënner Kontroll ze bréngen a bezuelbaren Wunnraum ze schafen. Nach muss d'Gesetz awer sëlleg Hürden huelen, seet eisen Berlin-Korrespondent Max Tholl.

auto_stories

3 min

Se klammen a klammen a klammen. Esou léist sech d'Entwécklung vun de Berliner Loyeren an de leschten Jore resuméieren. Glat verduebelt hu se sech zanter 2010. Fir datt et net esou weidergeet, huet déi rout-rout-gréng Regierung vu Berlin sech zu engem radikalen a villverspriechende Schrëtt entscheet: dem Mietendeckel.

Héchstwäerter op de Quadratmeter

Dëst Gesetz gesäit vir, datt d'Loyere fir fënnef Joer op dem Niveau vum Juni 2019 agefruer ginn, an datt Leit, déi 20 Prozent ze vill fir hir Wunneng bezuelen, de Proprietär usiche kënnen. Vun der Mesure betraff sinn 1,5 Millioune Wunnengen, net abegraff sinn Immeubelen, déi no 2014 gebaut goufen oder Sozialwunnengen.

Am Februar war schonn d'Deckelung bei neie Locatiounen a Kraaft getrueden, dëse Méindeg kënnt elo Phas zwee. Vun do u muss all Proprietär de Loyer op déi virgeschriwwe Grenzwäerter erofschrauwen. Den Héchstwäert pro Quadratmeter läit da bei 9,80 € ouni Chargen, respektiv 11,54 €, wann d'Wunneng besonnesch gutt ekipéiert oder situéiert ass.

Nëmmen 1.700 Verstéiss bis elo

Gëschter gouf am Berliner Senat dann och nach eemol iwwer d'Gesetz debattéiert an de Bausenator Sebastian Scheel vun die Linke huet sech zefridde gewisen mam Bilan bis heihin. Et wiere bis elo nëmmen knapp 1.700 Verstéiss géint de Mietendeckel gemellt ginn, wat bei der Unzuel u betraffene Wunnengen e wichtegt Signal wier: d'Proprietären hale sech drun.

Berlin wier ausserdeem vun de siwe gréissten däitsche Stied déi eenzeg, wou d'Loyeren um Marché erofgaangen wieren, an zwar ëm zéng Prozent. Mat Bléck op déi zweet Phas vum Mietendeckel sot de Scheel, hie géif dovun ausgoen, datt circa 340.000 Locatairen de Moment méi wéi 20 Prozent ze vill bezuelen a vun der Mesure profitéiere wäerten.

D'Katrin Schmidberger vun de Gréngen gesäit de Mietendeckel als historesch Chance e Virbild fir aner Stied ze sinn. D'Oppositioun a Form vun der FDP, CDU an AfD gesäit dat awer ganz anescht, fir si ass de Mietendeckel net nëmmen kontraproduktiv, mee och illegal.

An de leschten 12 Méint sinn laut dem Onlineportal Immobilienscout ganzer 42 Prozent Wunnenge manner an d'Locatioun komm, dofir hätt et awer eng Hausse bei den Objeten an der Vente ginn. Och den Zentraler Immobilien Ausschuss bestätegt dësen Trend.

Gëtt d'Gesetz nach gekippt?

D'Konsequenz: et ass manner lukrativ gi fir Wunnengen ze verlounen an deementspriechend och méi schwéier, eppes ze fannen. Ausserdeem géifen Ëmfroen weisen, datt bis zu 70 Prozent vun den Proprietären elo manner renovéieren a sanéieren wéilten, well et sech net méi rechent. Och warnt d'Oppositioun viru sougenannte "Schattenmieten" bei neien Locatiounen, wou de Propreitär een däitlech méi héije Loyer festleet fir de Fall, datt d'Gesetz nach gekippt gëtt - an dat ass guer net onméiglech.

CDU an FDP behaapten nämlech, datt d'Land Berlin guer net de Pouvoir huet esou ee Gesetz anzeféieren, well d'Regierung de Logement scho reguléiert. Eng entspriechend Klo läit beim Bundesverfassungsgericht, dat d'nächst Joer an dëser Saach een Urteel wäert spriechen.

De Berliner Bausenator recommandéiert all de Locatairen, d'Suen, déi si vun e Méindeg u spueren, op d'Säit ze lee fir de Fall, datt si et nächst Joer missten zeréckbezuelen, wann d'Gesetz géif gekippt ginn. E virsiichtegen Optimismus also, dee bei esou enger couragéierter Mesure sécherlech novollzéibar ass.