Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Besatzungsmuecht Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Besatzungsmuecht Lëtzebuerg

Besatzungsmuecht Lëtzebuerg? Jo dat gouf et wierklech, an zwar direkt nom Zweete Weltkrich, erzielt den Zäithistoriker Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

Vincent Artuso

Ee Joer nom Enn vun der däitscher Besatzung goufe Lëtzebuerger Zaldoten an Däitschland stationéiert. Deen ironeschen Dénouement war méiglech, well de Grand-Duché, dee während dem Krich seng Neutralitéit opginn a 1944 d'Militärflicht ageféiert hat, am Lager vun den Alliéierte war. Ee vun de Gewënner also.

Eigentlech haten d'Lëtzebuerger awer keng eege Besatzunsgszon. Si kruten zwee Secteure vun der franséischer Zon zougewisen. D'westlech Hallschent vum Kreis Saarburg an d'westlesch Hallschent vum Kreis Bitburg, inklusiv d'Stad Bitburg. D'Lëtzebuerger Truppen hunn dem Generol Marie-Pierre König ënnerstanen, de franséischen Oberbefehlshaber an Däitschland. Hiren Optrag war reng militäresch, d'Zivilverwaltung hunn d'Fransouse weiderhin assuméiert.

Den Opbau vun der Arméi

D'Lëtzebuerger Militärpräsenz huet offiziell den 11. November 1945 ugefaangen. Zu deem Zäitpunkt war déi nei Arméi nach am Opbau. D'Regierung hat den Alliéierten zwee Batailloune versprach, also 1.200 Mann. Et hat sech extrem komplizéiert erwisen, souvill Leit iwwerhaapt zesummenzedreiwen.

Déi éischt Offizéier an Ënneroffizéier koumen entweder aus der Luxembourg Battery, déi an England forméiert gi war oder aus der fréierer Fräiwëllegekompanie. Vill vun hinne waren, an de Jore virdrun, vun den Däitschen zwangsrekrutéiert oder souguer deportéiert ginn.

Am Laf vum Wanter goufen och Hëllefsgendarmen agezunn. Dat waren zum groussen Deel jonk Leit, dacks Refractairen, déi an der turbulenter Miliz vun der Unio'n waren. D'Regierung hat si wahrscheinlech och an d'Gendarmerie an dono an d'Arméi integréiert, fir si ze kontrolléieren an d'Unio'n ze neutraliséieren.

1945 goufe schliisslech d'Joergäng 1925 a 1926 mobiliséiert. Dat mannst wat ee ka soen ass, datt d'Begeeschterung am Land sech a Grenze gehalen huet. Déi potenziell Rekrutte waren ewell am Mäerz, respektiv am Dezember 1943, gezwonge ginn an der Wehrmacht ze déngen. Verschiddener ware just aus der Krichsgefaangeschaft zeréckkomm. Vill goufe schlussendlech dispenséiert.

Zivilisatioun géint Barbarei

Déi jonk Arméi war onerfueren, disparat an huet aus Männer bestanen, déi mat Däitschland ofrechne wollten. E puer Méint nom Schluss vum Krich, an enger Period an där d'Wonnen nach net ugefaangen haten ze heelen, war et also néideg Richtlinnen ze erloosse fir d'Kontakter mat der däitscher Bevëlkerung ze encadréieren. D'Brochure, déi zu deem Zweck vun der Arméi verdeelt gouf, huet op engem belsche Modell baséiert. An der Aleedung konnt ee Folgendes liesen:

"Le ressentiment des Luxembourgeois est [...] parfaitement compréhensible et légitime. Mais comment va-t-il s'exprimer ? A la manière des barbares ou à la manière des civilisés ? La manière barbare, c'est la leur, celles des anciennes tribus germaniques [...] Les Luxembourgeois ne sont pas des barbares scientifiques, ni des brutes sauvages. Ils ont le culte de la liberté et le respect de la dignité humaine. Ils ont aussi beaucoup de bon sens et un profond besoin de justice. Quand ils luttent contre les barbares, ils ne songent pas une minute à leur ressembler en quoi que ce soit, car ils s'en rendent bien compte, ce serait pour eux-mêmes un recul vers la barbarie. Certes on n'imagine pas les Luxembourgeois capables d'organiser les abominations des camps d'extermination, les tortures des prisons ou encore les atroces conditions du travail forcé des soi-disant 'Arbeitserziehungslager'."

Deen Ausschnëtt dréckt d'extrem Ambiguitéit vum Dokument aus. Et war néideg d'Zivilbevëlkerung korrekt ze behandelen, sécher. Gläichzäiteg goufen awer déi onversöhnlech Ënnerscheeder an déi oniwwerbréckbar Zäsur tëschent Lëtzebuerger an Däitscher ënnerstrach. D'positiv Eegeschafte vun deenen éischten, souwéi d'negativ Natur vun deene leschten, goufen net op historesch, ideologesch, mee op essenzialitesch an - am eigentleche Sënn - rassisteschen Ursaachen zeréckgeféiert. De Preis hat dat Béist a sengem Blutt. An der ultranationalistescher Stëmmung vun der direkter Nokrichszäit war déi Iwwerzeegung gängeg. Se hat Konsequenzen um Terrain.

De Rapport König

De 26. Abrëll 1946 huet de Général König den Albert Wehrer a seng Berliner Residenz agelueden. De fréiere President vun der Verwaltungskommissioun hat seng Virkrichsfunktioun vu Generalsekretär vun der Regierung zeréckkritt. Vum franséischen Oberbefehlshaber krut hien deen Dag e vertrauleche Rapport iwwer d'Haltung vun de Lëtzebuerger Truppen an Däitschland iwwerreecht.

De König huet sengem Gaascht erkläert, datt hien den Inhalt aus Frëndschaft zu der Grande-Duchesse geheim gehalen hat. Wat dra stoung war nämlech net schéin. De Frédéric Laux huet an engem Artikel vun 2002 e Resumé ginn:

"Les soldats luxembourgeois se livrent à des réquisitions abusives de logements, de mobilier, de vivres et de postes de télégraphie sans fil. Ils obligent les véhicules passant par Bitbourg à tourner jusqu'à cinquante fois autour du [drapeau] luxembourgeois et les passants à s'agenouiller au pied du mât. Des soldats tirent de nuit des rafales de mitraillette dans les rues de Bitbourg et des coups de feu sur les fenêtres de l'Église réformée d'Irrel pendant les offices. Des rixes avec des civils allemands éclatent et des contrôles d'identité abusifs ont lieu de nuit chez les particuliers. On signale également des transferts illicites de fonds entre les secteurs luxembourgeois et le Grand-Duché, ainsi que des trafics de marchandise [...] Les relations avec les autorités militaires françaises sont également quelque peu tendues. Officiers et soldats critiquent publiquement le gouvernement militaire français accusé de 'ménager les Allemands'."

Keng Fraternisatioun

De Laux huet geschat, datt d'franséisch Allegatiounen iwwerdriwwe waren. De Paul Cerf, deen d'Episod a sengem 1984 publizéierte Buch iwwer d'Lëtzebuerger Arméi erwäänt, huet dat och gemengt. Béid Auteuren hu sech dobäi op e Lëtzebuerger Géigebericht gestäipt, dee si, am Géigesaz zum Rapport König, gesinn haten. Dat franséischt Dokument war nämlech net méi am Nationalarchiv ze fannen, wéi een dat vum Cerf gewuer gëtt. Et ass also net auszeschléissen, datt en esou sensibel, also begrënnt war, datt en einfach verstoppt gouf.

Et kann ee sech och froen, wat fir en Interessi d'Franzousen, déi jo och an de Lëtzebuerger Secteure präsent waren, gehat hätte fir esou Informatiounen ze erfannen. Wa si d'Lëtzebuerger Zaldoten hätte wéilte lassginn, dann hätte si de Rapport verëffentlecht.

Et ass wierklech net auszeschléissen, datt eng Besatzungsarméi, déi aus fréiere Resistenzler, Deportéierten, Zwangsrecrutéierten a Refractairë bestanen huet, eng extrem konfliktuell Relatioun mat der däitscher Bevëlkerung hat. Am Paul Cerf sengem Buch fënnt een dofir nach en ongewollten Hiweis.

An der Mëtt vun den 1980er Joren huet hien et nach ëmmer wichteg fonnt ze betounen, datt just eng Handvoll Zaldote sech mat däitsche Fraen bestuet hat. Domadder wollt hien d'Reputatioun vun der Arméi schützen. Mee dës Informatioun beweist och, wéi grouss de Gruef nach deemools war; wéi ondenkbar et fir vill Leit war, sech mat Däitschen anzeloossen.

Dat ass besonnesch impressionnant wann ee bedenkt, datt d'Bevëlkerunge béidsäiteg vu Musel a Sauer immens vill gemeinsam hunn, ugefaange bei der Sprooch. Mee dat war net grad dat, wat d'Nazi-Propaganda véier Joer laang, bis zum Gehtnichtmehr, widderholl hat. Vläicht waren déi Preisen de Lëtzebuerger ebe grad ze ähnlech. Dëst Realitéit war direkt nom Krich politesch onkorrekt, war op jiddwer Fall eng Bedrohung fir déi dominant nationalistesch Gewëssheeten.