Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn a Sardinien

Regioun Oristano

Bëschbränn a Sardinien

Zanter dräi Deeg brennt et op Sardinien - déi iwwer 7.500 Pompjeeën hunn d'Bränn am Weste vun der Insel bis elo net ënner Kontroll. Haut wäerte fir d'éischt Pompjeeë vu Korsika op d'Nopeschinsel fueren. Och wa kéng Mënscheliewen dem Feier zum Affer gefall sinn: iwwer 20.000 Hektar sinn doduercher zerstéiert ginn. Och den Tourismus kéint dorunner leiden. Et gëtt mëttlerweil geschat, datt et déi schlëmmste Bränn op Sardinien zanter knapp 40 Joer sinn.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


D'Loft am Weste vu Sardinie richt verbrannt. An der Regioun Oristano ass e Feier ausgebrach, deen do e Groussdeel vun den Olivëplantatiounen zerstéiert, an deem knapp 500 Déieren zum Affer gefall sinn.

Eng Awunnerin aus Culgieri erzielt, hir d'Haus wier vum Feier verschount bliwwen. "Ech hat Chance", seet si, mee si géif un déi Leit denken, déi alles verluer hätten. D'Leit vu Sardinie géifen dat iwwerstoen, mee d'Zäite wiere rau, seet si. Wéinst der Corona-Pandemie wier d'Land schonn an der Kris gewiescht.

D'Tourismus-Branche mécht op der italienescher Insel siwe Prozent vum PIB aus - se ass no der Agrikultur de wichtegsten ekonomesche Moteur. Zanter de Bränn huet d'Majoritéit vun den Touristen d'Regioun Oristano verlooss.

D'Feier breet sech duerch e staarke Loftstroum vun der Sahara-Wüüst vun de Bierger a Richtung Küst aus. D'Pompjeeë krute véier Läschfligere vu Frankräich a Griicheland zur Verfügung gestallt, fir d'Bränn méiglech séier ënner Kontroll ze kréien. Duerch de Mistral-Loftstroum aus dem Norde kéint sech d'Ausbreedung vum Féier awer weider acceleréieren.