Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschof decidéiert, wei Verstéiss géint Meldeflicht bestrooft ginn

Mëssbrauchsfäll an der Kierch

Bëschof decidéiert, wei Verstéiss géint Meldeflicht bestrooft ginn

D'kathoulesch Kierch huet hir Reegele géint sexuelle Mëssbrauch verschäerft. Déi nei Reegele goufe vum Poopst dekretéiert, a si sinn Ufank vun dësem Mount iwwerall op der Welt a Kraaft getratt. All d'Mataarbechter vun der Kierch sinn elo verflicht hir Aarbechtskollege bei engem Mëssbrauchsbeoptraagten ze denoncéieren, wann si e Verdacht op sexuelle Mëssbrauch hunn. Mir hunn eis mam Kiercherechtler Patrick Hubert ënnerhalen.

auto_stories

4 min

Rick Mertens: Zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng Meldeflicht schonn zanter 2011. Gouf zanterhier ee Kierchemataarbechter vun engem Aarbechtskolleg denoncéiert?

Patrick Hubert: Eigentlech wende sech Affer un eis an net Aarbechtskollegen. Déi Äntwert kann ech Iech elo och net direkt ginn, well do jo den éischten Uspriechpartner eis Mëssbrauchsbeoptraagten ass an nëmmen, wann et kiercherechtlech Konsequenze sollt hunn, et och bei mech kënnt.

Souwäit ech weess, hate mir deen dote Fall eigentlech déi lescht Joren net, datt e Geeschtlechen oder een, dee fir d'Kierch schafft, eppes gemellt huet, wou hien e Verdacht huet, datt do konkret eppes Schlëmmes géif virleien.

Deemno stellt sech d'Fro, wat esou eng Meldeflicht bréngt? Kann een dat kontrolléieren, ob déi Meldeflicht agehale gëtt intern?

Ech denken, dat kann een nëmmen ex-post kontrolléieren. Soe mir mol, et gëtt e Fall gemellt, eppes Rezentes, an da misst ee scho kucken, wousst zum Beispill aus deem selwechten Team vun deem Geeschtlechen oder vun deem Mataarbechter eppes?

Dat Neit aus dem réimeschen Dokument ass jo och, datt elo och d'Uerdensleit an de Fokus kommen. Och déi Uerdensleit, déi net geeschtlech sinn, also keng Priister sinn: woussten do Matschwësteren oder soss een eppes?

Sou kann een natierlech net kontrolléieren, do hutt Dir natierlech vollkomme Recht. Wann näischt virläit wësse mir jo och net: huet do ee seng Flicht net agehalen? Eréischt wann eppes virläit muss ee kucken: wousst een eppes, a wéi laang wousst deen dat?

Dat heescht: ex-post kann ee kucken ob Leit sech schëlleg gemaacht hunn, datt si Saachen, déi si woussten, net gemellt hunn. Soss kann een et net kontrolléieren, mee dat ass bei eis elo net aneschters wéi beim Staat. Och do kann een eréischt hannenno kucken: woussten do Leit eppes an hu si sech schëlleg gemaacht, doduerch datt si dat net un d'Police oder un de Parquet weiderginn hunn.

Sinn esou ex post-Kontrollen da virgesinn an der Lëtzebuerger Kierch?

An dësem Sënn, wéi ech Iech virdru gesot hunn, vu datt meeschtens et iwwer d'Affer bei eis kënnt an et meeschtens Saache waren, déi laang zeréck louchen, an an deem Sënn virun 2011 waren ier datt mir déi Meldeflicht agefouert hunn.

E Gesetz ass jo net retroaktiv, dat heescht mir kënnen net vun de Leit verlaangen, sech un eppes ze halen, wat deemools nach keng Flicht war. Dat heescht u sech fir déi Period vun 2011 misste mir dann eigentlech nokontrolléieren.

Ass do eng Prozedur virgesinn? Wie géif dat kontrolléieren an deem Fall, wou esou ee Fall opdaucht, dat kann ee jo net ausschléissen?

Prozedure mat festgeschriwwene Schrëtt ginn et do net. Am Kiercherecht gëtt et déi sougenannte Pre-enquête, dat heescht wann eng Uschëllegung kënnt muss gekuckt ginn: wat ass do drun, stëmmt dat, sinn do Indizien, déi dofir schwätzen? Da gëtt et weidergeleet, da fänkt déi ganz Prozedur am kiercherechtleche Sënn un, datt mir dat mussen op Roum musse melle bei d'Glawenskongregatioun. Vun hinne kréie mir dann d'Äntwert wat fir ee Prozess ze féieren ass, bezéiungsweis ob dee Prozess bei hinne geféiert gëtt oder an enger anerer Diözes.

An an deem Kader géif ech et einfach gesinn, datt an Zukunft deen, dee mat dëser Pre-enquête befaasst ass, datt dee wahrscheinlech misst kucken: ware Leit, geeschtlech oder aner kierchlech Mataarbechter, indirekt dovu betraff, datt si eppes woussten an et net direkt gemellt hätten.


D'Kiercherecht definéiert iwwregens keng präzis Strofe fir Mataarbechter, déi sech net un d'Meldeflicht halen. An esou Fäll wier virgesinn, datt den zoustännege Bëschof dem Schëllegen eng "gerecht Strof" gëtt, esou de Patrick Hubert. Fir Bëscheef selwer gëllen iwwerdeems méi streng Reegelen: Si kënne vun hirem Amt entbonne ginn, wa si net adequat mat engem Mëssbrauchsfall ëmginn.