Betancourt fuerdert Amnestie fir FARC-Rebellen

Sechs Joer war si a Gefaangenschaft vun der FARC. Trotzdem setzt déi fréier kolumbianesch Presidentschaftskandidatin sech fir d’Membere vun der Rebellegrupp an.

Den 23. September war d'Ingrid Betancourt an der Philharmonie

Déi kolumbianesch Regierung an d’Farc-Rebelle si sech no 50 Joer Konflikt prinzipiell iwwert ee Friddensvertrag op juristescher Basis eens ginn. A sechs Méint soll den Accord stoen. Fir politesch Strofdote wier eng Amnestie virgesinn. Fir Krichsverbriechen a Verbrieche géint d’Menschlechtkeet géif awer keng Strof no gelooss ginn. Dat huet Spiegel-online gemellt. Och d’Ingrid Betancourt plädéiert fir eng Amnestie.

An de Reie vun de FARC wäre vill Jonker a vill Baueren, déi zwangsrekrutéiert gi wären, oder keng Optioun gehat hätten. Déi sozial, politesch an ekonomesch Responsabilitéit géif bei där kolumbianescher Regierung leien. Fir dës Mënsche géif eng Amnestie net duer goen, si missten nees an d’Gesellschaft integréiert ginn.

Am Jorzéngte-laange Konflikt zwëschent der marxistescher Rebellegrupp FARC an der Regierung waren och aner Rebellegruppen an Drogenhändler bedeelegt. Dobäi koume ronn 220.000 Mënschen em d‘Liewen. Sechs Millioune Leit hu misse flüchten. 2002 gouf d’Ingrid Betancourt, deemools Kandidatin fir d’Presidentschaftswalen a Kolumbien, vun de FARC entfouert. Sechs Joer laang gouf Si am kolumbianeschen Jungel festgehal.

No hirer Befreiung duerch d’kolumbianesch Arméi am Januar 2008 gouf et staark Kritik un der Ingrid Betancourt. Fréier Geiselen, déi mat hir gefaange waren, hunn där fréierer Politikerin Arroganz an Ondankbarkeet virgeworf. D’Ingrid Betancourt seet vu sech selwer, datt si e schwierege Charakter hätt. Mee et wier wichteg deenen aneren ze hëllefen. An enger globaliséierter Welt, déi ëmmer méi egoistesch a bal schonn autistesch géif ginn, missten d’Mënschen zesummen halen. “Wa mir d’Angscht kënnen duerch d’Gefill ersetzen, dass mir all zesummen an déi richteg Richtung virukommen, kënne mir menger Meenung no eng besser Welt schafen.”

Mam Grand Duc Henri huet déi 53-jähreg virun allem iwwert d’Flüchtlingskris an Europa geschwat. Europa misst seng Responsabilitéit fir den Accueil vun Flüchtlingen iwwerhuelen. Dës Mënsche géife mat enger Bewonnerung fir d’Valeuren an d’Generositéit vun Europa ukommen. Dat wär ee Bléck, deen d’Europäer och fir sech selwer missten entwéckelen.

6 Joer Jungel hunn d’Ingrid Betancourt markéiert, ma hiert Engagement huet si net verluer. Ambassadrice fir eng international Cause ze sinn, schléisst Si net aus. A si verstoppt net, dass si sech ee Retour an d’Politik kéint virstellen.

Audio:
ossier vum 24. September vum Maxi Pesch

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen