Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bewährungsprouf bestanen

Tram a Funiculaire

Bewährungsprouf bestanen

No de Feierlechkeeten um Sonndeg haten Tram a Funiculaire hir Bewährungsprouf op engem normale Schaffdag. Luxtram zitt en zefriddene Bilan. D'Passagéier a Richtung Kierchbierg spueren elo vill Zäit.

auto_stories

2 min

No de Feierlechkeeten um Sonndeg, haten Tram a Funiculaire hir Bewährungsprouf op engem normale Schaffdag. Luxtram zitt en zefriddene Bilan: Deen éischte Tram wier pénktlech op d'Minutt um 4 Auer 42 aus dem Schapp gefuer, an hätt och - wéi ugekënnegt - um 5 op 5 déi éischt Leit bei der Rouder Bréck opgelueden. Op deenen zwou Extremitéite vun der Streck wiere vill Leit an den Tram geklommen. E klenge Problem gëtt et nach mat der Annonce vun de Statiounen am Tram, mä dee soll bis en Dënschdeg behuewe sinn, sot eis d'Pressespriecherin vu Luxtram.

Passagéier am Funiculaireplay_arrow

An de Funiculare? 40 Minutte bis eng Stonn géif hie viraussiichtlech am Dag spueren, seet ee Pendler vun Dikrech. Moies an owes all Kéier 20 bis 30 Minutten. "Fir mech bleift alles d'selwecht", erkläert ee Passagéier vu Rodange. Hie misst just net méi an dee volle Bus klammen.

Hie kéim vun Hagondange a géif elo mol testen, seet en aneren Här. "Ech gewannen 20 bis 25 Minutten", erkläert ee Wëltzer. Den Tram géif hien awer net huelen. Seng Aarbechtsplaz wier direkt niewent der Gare um Kierchbierg. Si kéint eréischt méi spéit aschätzen, ob si wierklech Zäit gewënnt, seet eng Passagéierin. Fir d'éischt misst si mol hire Wee fannen. "Ech sinn awer immens frou, datt den Tram endlech fiert."

Am Funiculaire

"Et ass spannend", seet eng Dame aus Däitschland. Wéinstens eng véierel Stonn géif si spueren. Et wier praktesch, well een net méi de Bus fir op de Kierchbierg misst huelen, seet e jonke Passagéier vu Miersch. Dee géif ëmmer 30 bis 40 Minutte brauchen. Op d'mannst eng hallef Stonn géif si spueren, well si net méi duerch d'Stad misst fueren, seet och eng Dame aus Frankräich.