Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Biergerflicht a Covid-Zäiten

Fräie Mikro

Biergerflicht a Covid-Zäiten

Elo si mir geschwënn ee Joer am Ausnamezoustand, sanitär, sozial, kulturell a wirtschaftlech. Wärend deem plakatéiert d'Regierung iwwerall siichtbar: "Mir sinn all Deel vun der Léisung". Dat kéint een och anescht ausdrécken: " Wien net well Deel vun der Léisung sinn, deen ass Deel vum Problem", dat mengt de Jean-Jacques Rommes.

auto_stories

4 min

Zënter März ass eis Beweegungsfräiheet massiv ageschränkt, gi Betriber an de Ruin, Leit verléieren hiren Job, d'Aarmut hellt massiv zou, al Leit ginn agespaart, de Kanner a Jugendlechen hir Entwécklung leit, esou wéi och déi mental Gesondheet vun der Bevëlkerung. Et kann ee sech kaum virstellen, datt eng liberal Demokratie a Friddenszäite méi ëffentlech Fräiheeten ausschalt.

Natierlech huet d'Politik dofir gutt Ursaachen. Komesch ass allerdéngs, datt parallel zu Aschränkunge vun deem Kaliber, déi politesch Responsabel Autonomie a Fräiwëllegkeet vum Eenzelen ëmmer nees virun dat allgemengt Interessi stellen. Wat dat allgemengt Interessi ass, doriwwer kann et kaum en Zweiwel ginn: Liewe retten, d'Klinicken entlaaschten, Infektioune vermeide fir endlech eis normal Liewensgrondlagen nees hierzestellen.

Dierf de Patron seng Salariéë verflichte sech impfen an testen ze loossen?

Dofir muss jiddereen mat upaken: mat de "gestes arrières" natierlech, mee och mat Testen an Impfen. An do gëtt d'Politik op eemol libertär.

Dat huet ugefaange mat der Iwwerdreiwung, de gréisste Problem vun der Tracing-App wier den Dateschutz, ass weider gaange mat der Test-Fräiwëllegkeet, och ob strategesche Platzen, a gipfelt an der rezenter Ausso vun engem Majoritéits-Deputéierten et dierft weder Impfflicht ginn, nach Impfpass, nach iergendwellech Unerkennung - dat heescht Virdeeler - fir geimpfte Leit. Ob e Patron, dee legal fir d'Gesondheet op der Aarbechtsplaz verantwortlech ass, seng Leit dierf verflichten, sech ze testen an ze impfen ze loossen, dat freet eis Regierung léiwer en Affekot wéi déi Fro am Parlament am Sënn vun der Allgemengheet ze klären. All déi Froe stinn am Verdacht, dem Eenzele seng Selbstbestëmmung ze verletzen.

Entweder essentiell oder net!

Esou ass et méiglech, datt Vertrieder vu Beruffsinteressen ëffentlech fannen hir Ressortissenenmisste prioritär geimpft ginn, wärend déi selwecht Beruffsgruppen, trotz fräiem Zougang, sech nëmme ganz minoritär teste loossen. Do muss een sech schonn d'Fro stellen, wéi Beruffer esou essentiell kënne sinn, datt hir Gesondheet där vun Anere virgezu gëtt, ouni datt op hirer Aarbecht eng Test- an Impfflicht gëllt. Entweder essentiell oder net! Dat misst ee klären, ier een no Privileegie rifft.

Och déi Iddi en Impfpass mat Virdeeler géif prinzipiell eng Zwouklassegesellschaft schafen ass absurd. Wa bewisen ass, datt geimpfte Leit net méi, oder vill manner ustiechend sinn - wourop een sech elo schonn astelle soll - däerf een dem Geimpfte seng Fräiheet net weider aschränken, nëmme well anerer sech net impfe loossen.

Eng Impfobligatioun?

Natierlech ënnerleien déi Iwwerleeungen der genügender Disponibilitéit vum Vaccin an der steriller Immunitéit vun deene Geimpften, mee béides ass jo awer d'Zil vun den aktuellen Ustrengungen, a spéitstens wann déi Konditiounen erfëllt sinn, muss och kloer sinn, dass Leit di sech ouni spezifesch medezinesch Indikatioun net impfe loossen, sech ausserhalb vun der Gemeinschaft stellen. Si sabotéieren déi immens Efforten an Opfer vun der Allgemengheet genau esou wéi d'Course géint d'Virus-Mutatiounen a si gefährden déi Aner an engem Ausmooss dat och dem Leschte misst no 12 Méint COVID-Kris aliichten.

Jo, en obligatoreschen Impfpicks wier en Abroch an d'Autonomie vum Eenzelen, mee ganz Generatioune vu Lëtzebuerger goufe mat esou engem Picks virun Diphtherie, Tétanos, Coqueluche a Kinderlähmung geschützt. A Jo, eng Obligatioun déi ze fréi kéim oder ineffikass wier, riskéiert Vertrauen ze zerstéieren. Mee mir sollen elo schonn ophalen ze maache wéi wann de Refus vun Testen an Impfen eng Fro wier déi den Eenzelen nëmme mat sech selwer misst ausmaachen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.