Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tame Impala - Let It Happen (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vum Junckerplang

Europäesch Wirtschaft

Bilan vum Junckerplang

Mat der Europawahl am Mee geet och d'Legislaturperiod vun der EU-Kommissioun Juncker op en Enn. Wéi d'Kommissioun Enn 2014 hir Aarbecht opgeholl huet, goufen et net genuch Investitiounen an Europa. Fir dat ze änneren, ass en ambitiéisen Investitiounsprogramm an d'Liewe geruff ginn. De sougenannte Juncker-Plang sollt mat Hëllef vun der Europäescher Investitiounsbank dofir suergen, datt bis 2020 eng Zomm vu 500 Milliarden Euro zousätzlech an déi europäesch Ekonomie investéiert gëtt. Wéi gesäit et haut aus mam Juncker Plang?

auto_stories

3 min

Den Europäesche Fong fir strategesch Investitiounen, kuerz EFSI, ass d'Häerzstéck vum Juncker-Plang. Dëse Fong ass eng Garantie fir d'BEI, falls Kreditter net kéinten zeréckbezuelt ginn. Gedeckt ass en zum Groussdeel duerch den EU-Budget.

Duerch de Plang solle Projete finanzéiert ginn, déi no der Kris keng Kreditter méi kruten, erkläert de Wirtschaftsprofesser Karl Aiginger, vun der Querdenkerplattform Wien-Europa, déi sech mat Froe vun der EU-Politik beschäftegt. Dëst Zil wier am grousse Ganzen erreecht ginn, an d'Konjunktur hätt sech e bëssen erholl.

Méi Investitiounen

Bis Mëtt d'lescht Joer konnt den EFSI méi Investitioune generéieren, wéi bis dohi geplangt. Bis 2020 sollen et am Ganze 500 Milliarden Euro sinn. De Gros vun deene Sue kommen net aus ëffentlecher Hand, mee vu privaten Investisseuren, déi Projete vun der BEI matfinanzéieren.

Mëttlerweil sinn d'Investitiounen an Europa nees op den Niveau vu virun der Kris geklommen. Heescht dat, datt de Juncker Plang ee Succès ass? D'Experte kënnen do keng kloer Äntwert ginn. De Karl Aiginger fënnt, de Fokus vum Plang géif ze vill op materiellen Investitioune léien. Bei Universitéiten a bei der Bekämpfung vun Ongläichheete wier eigentlech relativ wéineg geschitt.

Wéi effikass ass de Juncker-Plang?

Den Europäesche Rechnungshaff huet de Juncker Plang d'lescht Joer ënner d'Lupp geholl an eng Partie Verbesserungsvirschléi gemaach. Deelweis wier d'Héicht vun de Privatinvestitiounen iwwerschat, an et wiere Projeten ënnerstëtzt ginn, déi net onbedéngt d'Hëllef vum EFSI-Fong gebraucht hätten, erkläert de Leo Brincat, Member vum Rechnungshaff a Responsabele fir de Rapport vum Rechnungshaff. Weider huet den europäesche Rechnungshaff gefuerdert, datt besser op eng geografesch Verdeelung opgepasst gëtt.

Zu Lëtzebuerg sollen duerch den EFSI am Ganzen eng Ronn 550 Milliounen Euro un Investitiounen zesummekommen, erkläert de Muriel Bouchet, Ekonomist a Chef vun der Fondation Idea, déi der Chambre de Commerce nosteet.

Dat wier awer just ongeféier ee Prozent vum PIB, seet hien. Lëtzebuerg géif domat op der 25. vun 28 Plazen an der EU leien, seet de Muriel Bouchet.

Wat kënnt nom Juncker-Plang?

Enn 2020 leeft de Juncker Plang, an domat och den EFSI-Programm, aus. Nofolger soll den InvestEU-Programm ginn. Dëse funktionéiert ganz ähnlech a soll bis 2027 weider 650 Milliarden Euro un Investitioune mobiliséieren. E Schwéierpunkt soll heibäi op klengen a mëttleren Entreprisen an op der Digitaliséierung leien.

Et soll ausserdeem méi an nohalteg Infrastruktur investéiert ginn. Grad de Beräich Ëmwelt misst awer nach méi ënnerstëtzt ginn, fënnt den Ekonomist Karl Aiginger, grad wann Europa eng Féierungsroll bei der Bekämpfung vum Klimawandel wëllt iwwerhuelen. Et wier d'Aufgab vun der nächster EU-Kommissioun fir ze soen, "Europa wëllt d'Féierung bei der Nohaltegkeet a beim Enn vum Verbrennungsmotor iwwerhuelen".

Bis elo kënne just zwee Projeten aus dem Juncker-Plang hire Kredit wahrscheinlech net zeréckbezuelen. Wéi ee Montant den EFSI um Enn tatsächlech wäert bierge mussen, kéint een zu dësem Zäitpunkt net soen, heescht et vun Europäescher Investitiounsbank. Déi meescht Projeten, déi finanzéiert goufen, sinn nach um Lafen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.