Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan vum Karschnatz 2022: "Eigentlech gutt"

Landwirtschaft

Bilan vum Karschnatz 2022: "Eigentlech gutt"

D'Landwirtschaft ass zefridde mam Karschnatz 2022, wou de Bilan global gesinn éischter positiv ausfält - dat op alle Fall wat d'Kären ubelaangt. Bei Mais a Grompere gesäit et e bëssen anescht aus. De Klaus Palzkill vum Verband mécht de Bilan.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Klaus Palzkill vum Verband seet, datt de Karschnatz vun dësem Joer esouwuel vun der Qualitéit wéi och vun der Quantitéit gutt wier.

Gutt Erträg also am grousse Ganzen, mat klenge regionalen Ënnerscheeder: Virun allem am Süden a laanscht d'Musel war et net grad esou gutt.

Dréchent hat Vir- an Nodeeler

D'Dréchent hätt net geschuet, a bei der Recolte souguer gehollef well d'Kären dréchen erakomm wieren, erkläert de Klaus Palzkill. Esou huet ee keng Energie misse benotzen, fir d'Kären ze dréchnen.

Bei de Gromperen dogéint gouf de Reen ganz staark vermësst, d'Recolte bleift hei däitlech ënnert där vum leschte Joer.

Och an der Fuddermëttelproduktioun hätt méi Reen dogéint gutt gedoen: de Mais huet gelidden, och d'Gréngfläche waren op eemol guer net méi gréng.

Et wäert bei deem engen oder anere Betrib och net ausbleiwen, datt Mais an Hee nokaaft gëtt, seet de Klaus Palzkill. Dozou misst een awer soen, datt déi meescht Betriber nach Reserve vum leschte Joer hätten, wou et eng gutt Recolte am Silomais an am Grengland gouf, esou nach de Klaus Palzkill.

Impakt vum Ukrain-Krich op d'Präisser

Datt d'Präisser fir déi verschidde Kärenzorten um Weltmaart eropgaange si wéinst dem Krich an der Ukrain, dovun hunn d'Baueren hei net profitéiert.

Op där anerer Säit wieren d'Käschte nämlech geklommen:

"Mir hunn eng Verfënneffachung bei den Düngerkäschten, d'Energie ass däitlech méi deier ginn, d'Landtechnik ass méi deier ginn ... Also et kann een net soen, datt de Bauer vun der Situatioun profitéiert huet."