Migratioun 2018 - ee Réckbléck "Bild vun Zerrassenheet"

Merde alors! Déi Ausso vum Ausseminister Jean Asselborn op engem Treffen am Summer vun den EU Aussen- an Immigratiounsministeren ass wuel deene meeschten nach an Erënnerung. Viséiert war d'Flüchtlingspolitik vum italieneschen Inneminister Matteo Salvini. D'Thema Migratioun war awer net just op europäeschem, mee och op nationalem Plang dëst Joer erëm een Thema.

Françoise Keller / cz

Sun rays illuminate people. Immigration of people.
Foto: Bigstock / jk21

Ugefaange mat de Rëntgentester, déi hei am Land applizéiert gi fir erauszefannen, ob ee Flüchtling, dee sech als mannerjäreg ausgëtt, dat och effektiv ass. Den Ausseminister hat d'Praxis ufanks des Jores ofgestridden. Een Dag méi spéit huet den Direkter vun der Immigratioun d'Tester confirméiert.

D'Praxis ass allerdéngs ëmstridden. An anere Länner géifen zum Beispill psychologesch Ënnersichunge gemaach ginn, déi vill méi zouverlässeg wieren, wéi zum Beispill eng Rëntge vun der Hand a vum Handgelenk, esou d'Kritik vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.

Kritik u Genitalënnersichungen

Am Dezember huet déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert, datt och Genitalënnersichunge gemaach géife ginn, wann een Doute beim Alter vun Asyldemandeure géif bestoen. "Mir wëllen net, datt dat doten zu Lëtzebuerg geschitt. Keen, dee sech fir d'Mënscherechter asetzt, kann dat dote vertrieden", seet de President vun der CCDH, Gilbert Pregno.

Aacht Asyldemandeure wieren dem Ausseminister Jean Asselborn no dëst Joer op hir Genitalien ënnersicht ginn, fir hiren Alter festzestellen. Alleguer wieren, den Dokteren no, groussjäreg gewiescht. Dat géif net stëmmen, huet hirersäits d'Associatioun Passerell kritiséiert. D'Associatioun, déi sech fir ee Lien tëschent Asyldemandeuren, Refugiéen an der Lëtzebuerger Bevëlkerung asetzt, baséiert sech op e Geriichtsuerteel vu Juni 2018.

Asyldemanden zu Lëtzebuerg réckleefeg

Tendenziell* ass d'Zuel vun de Leit, déi hei am Land Asyl ugefrot hunn, zanter dräi Joer réckleefeg. Bis Enn November dëst Joer hunn 1.932 Leit Asyl ugefrot. Dat sinn der ronn 300 manner, wéi am ganze leschte Joer.

Déi meescht Asyldemandeure koumen dëst Joer aus Eritrea, Syrien an dem Irak. D'lescht Joer hunn am Ganzen 127 Iraker Asyl zu Lëtzebuerg ugefrot. Bis op eelef krute si all de Flüchtlingsstatut net accordéiert. E forcéierte Retour gouf et net. Fir un den Ausseminister ze appelléiere sinn e puer Dose Flüchtlingen aus dem Irak - Erwuessener a Kanner - am Fréijoer an ee Sëtzstreik virum Staatsministère getrueden. "De Krich an ISIS existéieren an eisem Liewen. Mir leiden ënner dem Krich an der Zerstéierung an déi Lëtzebuerger Regierung misst dat unerkennen", seet ee vun hinnen, den Al-doori Raed.

Fir an Europa ze kommen huelen eng Partie Migranten de Wee iwwer d'Mëttelmier. Och déi Zuel ass zanter 2016 staark réckleefeg. Eng Erklärung fir de Réckgang vu Migranten, déi iwwer d'Mëttelmier-Route flüchten, ass, der internationaler Organisatioun fir Migratioun no, datt Italien eng Partie Häfe fir Rettungsschëffer zougemaach huet. Dat wier eng absurd Situatioun, sot den Erik Marquardt, deen op dem Rettungsschëff Lifeline Migranten gehollef huet, Ufank Juli am 100,7-Interview. Och d'Lifeline krut deeglaang keng Erlaabnis an Italien unzeleeën.*

Den Aktivist sot deemools, am Mëttelmier géifen all Dag "honnerte Mënsche" stierwen, dofir géif hien net verstoen, datt een net alles géif maachen, fir déi Leit virum Doud ze retten. Déi Zuele spigelen erëm, datt d'Situatioun deen Ament besonnesch akut war (am Juni 2018 goufen et 629 Doudesaffer, respektiv Vermësster) an datt d'ONGe vun enger héijer Donkelziffer ausginn. Déi genannten Zuele leien awer wäit iwwert den offiziellen Angaben. 2018 goufen der UNHCR no am Ganzen 2.275 Doudesaffer/Vermësster.

"Bild vun Zerrassenheet"

Lëtzebuerg huet entscheet fir 15 Flüchtlinge vun der Lifeline a fënnef vun der Aquarius opzehuelen. Fir d'Positioun vun Italien am Dossier Migratioun huet de Jean Asselborn bei engem informellen Treffe vun den EU-Ausseministere mat sengem "Merde alors" kloer Wieder fonnt. Hannergrond war e Plaidoyer vum Lëtzebuerger Ausseminister fir eng legal Migratioun. Een Zil vum UNO-Migratiounspakt, deen dëse Mount zu Marrakesch vun enger Majoritéit vun de Memberstaaten ugeholl gouf. Bal een Drëttel huet de Pakt awer net ënnerstëtzt. Europa wier eng Referenz fir Mënscherechter an et géif een e Bild vun Zerrassenheet ofginn.

D'Immigratioun kënnt dann och am leschte Kapitel vum neie Koalitiounsaccord zur Sprooch. Virgesinn ass ënner anerem, datt de Volet Accueil elo net méi ënner d'Zoustännegkeet vum Integratiouns- mee vum Immigratiounsministère fält. Wéi eng Changementer dat mat sech brénge wäert, bleift ofzewaarden. Den zoustännege Minister Jean Asselborn huet uginn, datt hien eréischt Ufank Februar an der Chamberkommissioun an och virun der Press dozou Stellung wäert huelen.


*Dësen Artikel ass den 10. Januar 2019 geännert ginn. Déi ursprénglech Formulatioune waren: "Allgemeng ass d'Zuel vun de Leit, déi hei am Land Asyl ugefrot hunn, zanter dräi Joer réckleefeg." an: "Dat wier eng absurd Situatioun, seet den Erik Marquardt, deen op dem Rettungsschëff Lifeline Migranten hëlleft. Och d'Lifeline krut deeglaang keng Erlaabnis an Italien unzeleeën. Am Mëttelmier géifen all Dag honnerte Mënsche stierwen, dofir géif hien net verstoen, datt een net alles géif maachen, fir déi Leit virum Doud ze retten, seet den Erik Marquardt."

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Fanny Kinsch Kommentar
Lëtzebuergesch Immigratiounspolitik

Et ass wichteg rietsextrem Politiker a Fro ze stellen a sech géint eng Normaliséierung vun hirem Discours ze wieren. Mee et ass nach besser, och dofir ze suergen, datt ee sech selwer näischt ze reprochéieren huet.

Kanner an enger Containerstruktur zu Tréier
Chamberwahlen 2018

Trotz de réckleefegen Zuele bleift d'Asylpolitik europawäit ee vun de meeschtdiskutéierten Themen an der Politik. Wéi positionéiere sech d'politesch Parteien am Wahlkampf?

Michel Delage Kommentar
Flüchtlingskris

Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen