Komposite si Materialien, déi mat enee verbonne sinn. Si si liicht ze formen awer stabil a ginn iwwerall do agesat, wou all Gramm zielt. An der Loft a Raumfahrtindustrie, an der Automobilsbranche, der Sportsindustrie oder dem medezinesche Secteur. Hei am Land schaffen 1.600 Leit fir de Secteur. Virun allem am Beräich vun den Autozouliwwerer, wou aktuell 400 Milliounen Euro d'Joer ëmgesat ginn.
Secteur mat groussem Potential
Dësen Know How soll gefestegt an ausgebaut ginn. D'Zil wär et, sech nohalteg op deem Wuesstemsmarche ze positionéieren, seet d'Francine Closener, Staatssekretärin am Wirtschaftsministere.
Dat ass och d'Basis vum Plang fir den Ausbau vum aktuellen - nach klenge Kompetenzzenter, deen um Site vun der fréiere TDK zu Käerjeng fonctionnéiert. An Zukunft wëllt een och op de Belval plënneren. De Ausbauplang baséiert op enger Etude de faisabilité déi de Staat an zwielef Partner - wéi Dupont de Nemours, Goodyear, der Delfi oder IEE - bezuelt hunn.
Fir den Ausbau vum Zenter ginn di nächst 5 Joer 100 Milliounen Euro investéiert. D'Halschent iwwerhëlt de Staat, di aner kënnt vu privater Hand. D'Zil wär et nei Betriber an nei Aarbechtsplazen unzezéien, seet d'Francine Closener.